Ernst Wilhelm Leberecht Tempel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ernst Wilhelm Leberecht Tempel gebuer den 4. Dezember 1821 zu Niedercunnersdorf, Sachsen a gestuerwen de 16. Mäerz 1889 zu Arcetri, Italien war en däitschen Astronom an Lithograf. Hien huet ënner aneren 5 Asteroiden an 12 Koméiten entdeckt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Liewen
Den Tempel huet 1837 zu Meißen d’Handwierk vum Lithografen geléiert. Vun 1840 un, huet hie sech fir e puer Joer op Wanderschaft gemaach, déi hien ënner aneren an d’Stied Kopenhagen, Stockholm an Christiana (haut Oslo) gefouert huet.
Am Joer 1858 huet hie sech zu Venedeg als fräischaffender Lithograf niddergelooss an och bestuet. Seng Lithografien an Zeechnungen waren opgrond vun hirer Detailgenauegkeet gefrot. Den Tempel huet geschafft fir Botaniker an aner Naturwëssenschaftler.
Zënter senger Schoulzäit huet den Tempel sech fir d’Astronomie interesséiert, an 1858 huet hien sech e véierzëllegen Refraktor kaf. Mat dësem fir heitege Verhältnesser e bescheident Instrument huet hien am Joer 1859 e Koméit an e Reflexiounsniwwel an de Plejaden (kuckt Bild) entdeckt.
Well den Tempel keng akademesch Ausbildung an och keen Diplom hat, gouf hien als Amateurastronom ugesinn a krut an Däitschland keng Ustellung an och d’Nummrecht fir déi vun him entdecken Himmelskierper huet hie nët kritt. Opgrond vu sengen Leeschtungen huet hien am Joer 1860 e Ruff un de keeserlechen Observatoire vu Marseille kritt an domat och de Privileg Objete ze benennen. Duerno huet hie nach 5 Asteroiden an 12 Koméiten, ënner aneren de Koméit Tempel-Tuttle entdeckt.
No Ausbroch vum Däitsch-Franséischen Krich am Joer 1870 huet hien ‚Land misse verloossen an ass zeréck an Italien gaangen. Am Joer 1875 huet hien d’Leedung vum neien Observatoire vun Arcetri, südlech vu Florenz iwwerholl. Den do installéierten Refraktor war mat enger Ëffnung vun 283 mm an enger Brennwäit vun 5370 mm dat gréissten Teleskop vun Italien. Mat dësem Instrument untersicht hien niwweleg Objete. Am Joer 1885 kënnt zu Prag seng Publikatioun Iwwer Niwwel eraus.
[Änneren] Éierungen
Fir seng Leeschtungen op dem Gebitt vun der Astronomie gouf den Tempel oft ausgezeechent. Zu sengem Undenken gouf en 40 km groussen Moundkrater souwéi den Asteroid (3808) Tempel no him benannt. E puer vun him entdeckte Koméiten hunn säi Numm, ënner aneren de Koméit Tempel 1, deen 2005 d’Zil vun der NASA-Missioun Deep Impact war.
[Änneren] Präisser an Auszeechnungen
- 1861 – Lalande-Präis vun der Akademie vun de Wëssenschaften, Paräis
- 1870 – Zweemol de Koméitepräis vun der Wiener Akademie
- 1872 – Ritterschlag duerch de Keeser Auguste Souverain vum Keeserlechen Rousenorden vu Brasilien
- 1879 – Humbertuspräis vun der Akademie zu Roum
- 1881 – Valz-Präis vun der Paräisser Akademie
- 1881 – Beruffung zum Member vun der Royal Astronomical Society of London
[Änneren] Geéiert mam Numm
- 1898 – Moundkrater Tempel (Entdecker: Johann Nepomuk Krieger)
- 1971 – A senger Heemechtsuertschaft Niedercunnersdorf ass e Monument opgeriicht ginn
- 1988 – Planetoid (3808) Tempel (Entdecker: Freimuth Börngen)
- 1990 – Wilhelm-Tempel-Schoul zu Niedercunnersdorf
[Änneren] Entdeckungen

[Änneren] Asteroiden
- 4. Mäerz 1861 – Angelina
- 8. Mäerz 1861 – Cybele
- 29. August 1862 – Galatea
- 30. September 1864 – Terpsichore
- 17. Februar 1868 – Klotho
[Änneren] Koméiten
[Änneren] Periodesch Koméiten
- 19. Dezember 1865 – 55P/Tempel-Tuttle
- 3. Abrëll 1867 – 9P/Tempel 1
- 27. November 1869 – 11P/Tempel-Swift-LINEAR
- 4. Juli 1873 – 10P/Tempel 2
[Änneren] Nët periodesch Koméiten
- 2. Abrëll 1859 – C/1859
- 23. Oktober 1860 – C/1860 (1860 IV)
- 9. Oktober 1863 – C/1863 (1863 IV)
- 4. Juli 1864 – C/1864 (1864 II)
- 22. Mäerz 1868 – 1868 I
- 11. Oktober 1869 – C/1869 (1869 II)
- 29. Mee 1870 – C/1870 (1870 I, mam August Winnecke)
- 14. Juni 1871 – C/1871 (1871 II)
- 3. November 1871 – C/1871 (1871 IV)
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Ernst Wilhelm Leberecht Tempel – Biller, Videoen oder Audiodateien |