Eschatologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Eschatologie (v. gr. εσχατα - "déi lescht Saachen") ass eng theologesch Disziplin déi sech mat de sougenannte leschte Saache beschäftegt. Dës lescht Saache sinn no chrëschtlecher Opfaassung den Doud, de jëngsten Dag, den Himmel an d'Hell. Dës lescht Saache betreffen esouwuel dat perséinlecht Liewensenn (individuell Eschatologie) ewéi och d'Enn vum Universum (universal Eschatologie)
[Änneren] Chrëschtlech Eschatologie
Fir d'Chrëschtentum ass d'Eschatologie vu grousser Bedeitung aus epuer Ursaachen. No chrëschtlecher Opfaassung:
- huet nämlech dat eschatologescht Zäitalter (i. e. d'Gottesherrschaft) schonns ugefaang, nämlech mat der Menschwerdung vu Gott (cf. Jesus Christus). Dëst beschreift treffend d'Gläichness vum Sauerdeeg (Mt 13,33). Och de Paulus schreift (z. B. Ph 3) vun der sougenannter eschatologescher Spannung, d. h. d'Räich Gottes ass deelweis elo schonns präsent awer nach net ganz.
- betrëfft se all Mensch op e gleweg ass oder net ("metaphysesche Selbstmord" (ech glewen näischt da geschitt mer och näischt) ass net méigelech)
- ass se onauswäichlech, genee ewéi den Universum en Ufank huet, esou huet en och en Enn.
Iwwer dat wat sech elo konkret um Enn vun der Zäit ze erwarden ass, kann kaum eppes genaues gesot ginn. A fréiern Zäiten goufen et dofir ergräifend an erschrekend Duerstellungen déi sech op déi apokalyptesch Literatur baséiert hunn. Haut versteet een dës Erzielungen net méi als Virausreportag iwwert dat wat soll kommen. Wichteg sinn awer ëmmer nach verschidde biblesch Texter, z. B. den Text iwwert d'jengst Geriecht (Mt 25) dat op e perséinlecht Begéine vu Gott hiweist an déi sougenannt Séilegpreisungen aus der Biergpriedegt (Mt 5) déi vun enger Aart Belounung am Räich Gottes schwätzen fir Saachen déi op der Welt geschitt sin.