Evy Friedrich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Evy Friedrich gebuer den 30. Abrëll 1910 an der Stad, a gestuerwen den 30. Juli 1989) war e lëtzebuergesche Journalist.
Hien huet sech besonnesch fir de Kino intresséiert, an huet jorelaang Filmkritiken publizéiert. 1947 huet hien och en eegene Kuerzfilm gedréint: Les danseurs d'Echternach, eng Docu-fiction iwwert d'Iechternacher Sprangprëssessioun. Et wor dëst deen éischte Lëtzebuergesche Film, deen zu Cannes um Filmfestival gewise gouf (Kategorie "Documentaire").
An den 1980er Joerern hat hien am Lëtzebuerger Programm vu Radio Lëtzebuerg eng Chronik, Kalennerblieder genannt. Dës huet hien, no eegenen Aussoen, als eng Zort Virleefer vun engem Lexikon iwwer Lëtzebuerg ugesinn. Verschidden Artikelen an dëser Wikipedia gräifen dann och op seng wäertvoll Viraarbecht zeréck.
[Änneren] Filmer
[Änneren] Als Regie-Assistent
- Il est un petit pays (1937) vum René Leclère (Kuerzfilm) (47 Minutten)
- Garçon ... un Bock (1938) vum René Leclère (Kuerzfilm) (12 Minutten)
- Circulez (1939) vum René Leclère (Kuerzfilm) (9 Minutten)
[Änneren] Als Regisseur
- La journée des orphelins (1931) (Kuerzfilm) (11 Minutten)
- Les danseurs d'Echternach (1947) (Kuerzfilm) (19 Minutten)