Fair use
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn sinn déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net en compte geholl. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfachend Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Als Fair Use (Gerecht Benotzung) bezeechent een eng Rechtsdoktrin am angloamerikanesche Copyright-System, déi eng bestëmmten net autoriséiert Benotzung vu geschütztem Material erlabt, soulaang et der ëffentlecher Bildung an der Ureegung vu geeschteger Produktioun dingt; si erfëllt eng vergläichbar Funktioun wéi d'Schrankebestëmmunge vum kontinentaleuropäesche Copyright.
Am amerikanesche Rechtsrausm erlabt Fair Use zum Beispill eng Parodie op e geschütztend Wierk, mee keng Satire. Eng Parodie als sollech muss mam Original verknäppt sinn, soss fält et ënnert eng "net erlaabte Satire".
Verschidden US-amerikanesch Rechtsexperten (z. B. Tom W. Bell) gesinn an der Fair-Use-Doktrin nëmmen e Mechanismus, fir e Versoe vum Maart ze reparéieren. Anerer (z.B. Julie Cohen) gesinn doranner e positivt Recht, wat souguer dann a Kraaft trëtt, wann den Inhaber vun den Droits d'auteurs säi Wierk duerch en technescht Rechterkontrollsystem schützt.