Wikipedia:FAQ Administratioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wikipedia-FAQ-Sammlung
Generell FAQ | Lieser | FAQ fir déi, déi matschaffen | zu Diskussiounssäiten | zu Biller | Administratioun | Technesch FAQ | Rechtleches
[Änneren] F. Wee bestëmmt d'Regelen ?
- E. Liest heizou den Artikel iwwert d'Regelen.
[Änneren] F. Wat ass en Administrator ? Wat ass e Sysop ?
- E. Dës zwee Nimm bedeiten eigentlech datselwecht. En Administrator oder Sysop ass einfach e Wikipedianer, deen e puer Funktioune méi zur Verfügung huet wéi en normale User, zum Beispill Säite läschen, protegéieren, IP Adresse blockéieren.
[Änneren] F. Wéi gëtt een Administrator ?
- E. : Liest heizou den Artikel Wikipedia:Administratoren.
[Änneren] F. Ween iwwerwaacht d'Administratoren ?
- E. D'Administratoren iwwerwaache sech géigesäiteg. All Administrator ka quasi alles réckgängeg maachen, wat en aneren Administrator gemaach huet. An extreme Fäll kann och nach ëmmer e Steward oder den Jimbo Wales kontaktéiert ginn.
[Änneren] F. Wat ass en Developer ?
- E. Et gëtt zwou Zorte vun Developer. Engersäits d'Entwéckler vun der Wikipedia-Software ([1]) an d'lokal Developers vun den eenzelne Wikipediaen, déi méi Rechter wéi e Sysop hunn (z.B. d'Datebank spären).