Fausti
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Faustino Cima, gebuer de 24. Juli 1940 an der Stad , besser bekannt als Fausti, ass e bekannte Lëtzebuerger Entertainer.
De "Fausti" huet schonns als Kand Solfège, Gei a Klarinett geléiert, am Alter vun 12 Joer koum nach d'Harmonika, Gittar a Batterie mat derbäi. Scho mat 15 Joer gouf e Berufsmuseker an en ass mat dem Tango-Spezialist Rico Tuxillo zu Lugano opgetrueden.
Vun do u gouf hie vun den deemolege populären Orchesterenchefen wéi dem Jempi Faust an dem Jean Roderes als Sänger oder Batteur engagéiert. Zäitweileg war hie bei de Luxembourg Singers derbäi.
Du koumen 12 onroueg Joren. Den Allround-Artist Fausti ass "getourt". An der Schwäiz, Belsch, an Däitschland, Holland an a Lëtzebuerg, dovu véier Joer mat enger eegener Band.
Wéi den Udo Jürgens 1966 beim Grand Prix Eurovision de la Chanson mat Merci Chérie déi éischt Plaz gemaach huet, huet de Fausti am grousse Begleetorchester op der Batterie rumouert.
Mat enger däitschsproocheger Parodie op dem Chris Andrews säin Hit Pretty Belinda koum de Fausti 1969 an Däitschland grouss eraus.
- 3. Strof
- Ich kann doch nicht schwimmen, oh Pretty Belinda.
- Das Schlauchboot ist undicht, genau wie die Kinder.
- Oh, komm doch bald wieder, oh, Pretty Belinda,
- Und lass uns ins Hausboot, mich und die Kinder.
Dat war seng éischt Plack. 1973 huet en eng weider däitschsproocheg Single erausbuecht, bei deer d'B-Säit Ich bin 'ne kleine Maus bal méi Succès hat wéi d'A-Säit, eng Parodie op den Hot Butter hiert Stéck Popcorn.
Seng éischte Plack op Lëtzebuergesch koum eréischt 1983 eraus, et war Fuesparty mam Fausti. Domat war och fir dem Jang Linster seng Plackeproduktioun eng Erfollegstory agelaut ginn.
Weider Lidder, déi an Erënnerung bliwwe sinn:
- Gigi l'amoroso
- Zwou Bulle Mokka
- Mademoiselle Ninette
- Das arme Mädchen von Seite 1
De Fausti wunnt am Weste vum Land.