Film zu Paräis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Paräis kann op eng laang an erfollegräich Filmgeschicht zeréckkucken.
Paräisser Entrepreneuren a Gesellschafte wéi d'Bridder Lumière, d'Pathé Frères oder Gaumont waren ët, déi de Film eraus an d'Welt gedroen hunn. Sou hunn d'Bridder Lumière am Joer 1885 de Cinématographe erfonnt, eng Maschinn, déi souwuel Filmer ophuele wéi och ofspille konnt. Dësen Apparat gouf den 22. Mäerz 1885 fir d'éischte Kéier virgefouert. D'Opféierung an der Paräisser Société d'Encouragement à l'Industrie Nationale zielt zu den éischte Filmvirféierunge vun der Welt. Als Folleg dovunner sinn d'Bridder Lumière an déi grouss europäesch stied gereest, fir hir Erfindung ze verbreeden - mat Erfolleg. An de folgende Joere koum ët zu Paräis zu staarker Konkurrenz. D'Pathé Frères sinn zu engem vun de gréisste Filmproduzente vun Europa ginn, an hunn hir Stommfilmer weltwäit verkaf.
Awer och Paräis selwer war a ville Filmer Dréiuert a Filmkuliss. Ofgesi vu villen Opname vun der Stommfilmzäit, déi éischter ënner Dokumentairen anzezortéieere sinn, war d'Stad souwuel a franséische wéi och an auslännesche Spillfilmproduktiounen ze gesinn. De Film Hôtel du Nord (1938) vum Marcel Carné spillt am „Hôtel au Canal“. Obschonns de gréissten Deel net am Hôtel selwer gedréint gouf, weist de Film d'Liewensgefill zu Paräis an den 1930er Joeren. Am Film Funny Face (1956) vum Stanley Donen séngt d'Audrey Hepburn zesumme mam Fred Astaire zu Paräis „Bonjour Paree“ virum Eiffeltuerm, op der Avenue des Champs-Élysées an op anere Plaze vun der Stad.
Am Film A Bout de Souffle (1960) vum Jean-Luc Godard schléit sech de klenge Michel duerch d'Liewen. Hie kënnt op Paräis a schléisst Frëndschaft mat enger US-amerikanescher Studentin. Gefilmt gouf an der Rue de Berri op Nummer 21 an an der Rue de Campagne-Première am Véirel Montparnasse.
Zazie dans le Métro (1960) vum Louis Malle weist d'Liewe vum klenge Meedche Zazie zu Paräis. Den Eiffeltuerm spillt dobäi eng wichteg Roll. Am Film Belle de jour (1967) vum Luis Buñuel brécht d'Catherine Deneuve aus dem biergerleche Liewen aus, a geet der Prostitutioun no.
Am Ultimo tango a Parigi (1972) vum Bernardo Bertolucci versicht de Marlon Brando déi ganzen Zäit d'Maria Schneider um Wee zu engem Rendezvous ze treffen - an engem Appartement mat Bléck op d'Métrosstation Passy an d'Bir-Hakeim-Bréck. De Film Le Dernier Métro (1981) vum François Truffaut spillt zu Paräis am Joer 1942 während der däitscher Besatzung. Am Film Subway (1985) vum Luc Besson goufe verschidden Szene mam Christopher Lambert an Isabelle Adjani an den RER-Statiounen La Défense a Les Halles gedréint. La Haine (1995) vum Mathieu Kassovitz gouf gréisstendeels zu Chanteloup-les-Vignes, engem Viruert vu Paräis gedréint.
Weider Filmer déi zu Paräis spille sinn: Landru (1962) vum Claude Chabrol, Les parisiennes (1962) vum Marc Allegret, Le samurai (1967) vum Jean-Pierre Melville, La Boum (1980) a La Boum 2 (1982) vum Claude Pinoteau, La Dame aux camélias (1981) vum Mauro Bolognini, Police (1985) vum Maurice Pialat, Forget Paris (1995) vum Billy Crystal, Paris was a Woman (1995) vum Greta Schiller, Love in Paris (1997) vum Anne Goursaud, An American Werewolf in Paris (1998) vum Anthony Waller, Le fabuleux destin d'Amélie Poulain (2001) vum Jean-Pierre Jeunet, Moulin Rouge (2001) vum Baz Luhrmann a Before Sunset (2004) vum Richard Linklater.
![]() |
Portal vun der Stad Paräis – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Stad Paräis. |