Filmindustrie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Säit 1909 ginn zu Lëtzebuerg Filmer gedréint. Eng richteg lëtzebuergesch Filmindustrie entsteet allerdengs eréischt Enn vun den 80er Joren.
1989 gëtt de Film Schacko Klak gedréint. Kuerz dorop mierkt de Staat dat et Zäit gëtt fir déi lëtzebuergescg Produzenten an Filmindustrie ze ënnerstëtzen.
1990 gëtt de Fonds national de soutien à la production audiovisuelle gegrënnt. D'Aufgab vun dësem Fond ass d'Ënnerstëtzung vum lëtzebuergschre Film.
Säit den 90er Joëren ass d'Zuel vun de Filmproduzenten zu Lëtzebuerg an d'Luucht gaangen, an domadder och déi lëtzebuergesch Filmproduktioun.
An den 90er Jore si vill Lëtzebuerger Coproduktiounen entstanen. Mat der Zäit kruten déi lëtzebuergsch Produzenten, dank der Hëllef vum Filmfong, ëmmer méi Undeeler un de Produktiounen a soumatt och méi kënschtlerechen Afloss op d'Filmer déi zu Lëtzebuerg entstaane sinn. Haut ënnerstëtzt de Filmfong d'Lëtzebuerger Produzenten mat selektiver Kulturfërderung a mat steierleche Virdeeler.