Flavius Arrianus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Flavius Arrianus (* ~92 - † ~175) wor e réimeschen Historiker aus Nikomedeia a Bithynien, eng réimesch Provenz a Klengasien.
Als Member vum Senatorestand huet hien an der réimescher Verwaltung ënnert dem Keeser Hadrian geschafft. Ausserdem wor hie Statthalter vu Kappadokien.
Ugefange mat Schreiwen huet den Arrianus kuerz vrum Doud vum Hadrian. Genee wéi säi Virbild de Xenophon huet hien an einfachem atteschem Stil eng Partie Wierker geschriwwen, gréisstendeels historescher. Vu sénger Wierker ass eis Alexandrou Anabasis (iwwert den Alexanderfeldzuch) an Indike (iwwer Indien) erhalen. Weider Schrëften, déi allerdéngs verluer gaange sin, handele vun den Diadochen, de Parther a Bithynien.
Well eis en zäitgenëssescht Wierk zum Alexander feelt, zielt dem Arrianus séng Alexandergeschicht nieft dem Curtius Rufus, dem Diodor, dem Justinus Trogus an dem Plutarch zu de wichtegsten an zouverlässegste Quellen iwwert den Alexander de Groussen. Dem Arrianus séng Alexandergeschicht besteht aus siwe Bänn a gouf an engem niichterne Stil geschriwwen. Séng Quellen woren de Kleitarch an de Ptolemaios I. déi allebéid den Feldzuch matgemaach hun an doriwwer geschriwwen hun.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Arrian, Alexanders des Großen Siegeszug durch Asien (Meisterwerke der Antike), iwwersaat vum W. Capelle, Zürich 1950
- N.G.L. Hammond, Sources for Alexander the Great. An Analysis of Plutarch's Life and Arrian's Anabasis Alexandrou, Cambridge 1993