François Mignet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Auguste Alexis Mignet (*8. Mee 1796; †24. Mäerz 1884) war e franséischen Historiker.
De François Mignet ass zu Aix-en-Provence op d'Welt komm. Säi Papp war e Schlässer aus der Vendée, deen d'Iddië vun der Revolutioun mat Begeeschterung opgeholl huet, a bei sengem Jong liberal Iddien encouragéiert huet. No Studien zu Avignon an deem Lycée wou hie spéider selwer Professer war (1815) ass hien zeréck op Aix gaange, fir Droit ze studéieren. 1820 huet d'Académie de Nîmes de Mignet fir säin Eloge de Charles VII geluewt, a säi Mémoire Les Institutions de Saint Louis krut 1821 e Präis vun der Académie des Inscriptions et Belles Lettres.
Duerno ass hien op Paräis gaangen, a säi Frënd a spéidere President vun der Republik Adolphe Thiers huet net laang op sech waarde gelooss. Hien huet déi liberal Zeitung Courrier francais, kennegeléiert, an ass an de Krees vun de Matarbechter opgeholl ginn, déi e Krich um Pabeier géint d'Restauratioun gefouert hunn. D'Wëssen iwwert d'Leit an d'Intrigen aus der Napoleonescher Ära krut hie vum Talleyrand vermëttelt.
Dem Mignet seng Histoire de la revolution française (1824) war eng grouss Skizz déi a véier Méint virbereed gi war, an déi méi Wäert op fundamental Theorië wéi op Fakte geluegt huet. 1830 huet de Mignet zesumme mam Thiers a mam Armand Carrel d'Zeitung National. Bis zu der Revolutioun vun 1848 war hien Direkter vun den Archiver vum Ausseministär, an huet sech, nodeems hien entlooss gouf, an d'Privatliewen zeréckgezunn. Hie war e gewielte Member vun der Académie des sciences morales et politiques, déi 1832 nees agefouert gi war, a gouf 1837 zum permanente Sekretär ernannt. 1836 ass hien och Member vun der Académie française ginn.
Ausser sengem Wierk iwwert d'Franséisch Revolutioun, wat kloer e politescht Manifest war, huet hie sech vill mam Mëttelalter befaasst: De la féodalité, des institutions de Saint Louis et de l'influence de la législation de ce prince (1822); La Germanie au VIIIe et au IXe siècle, sa conversion au christianisme, et son introduction dans la société civilisée de l'Europe occidentale (1834); Essai sur la formation territoriale et politique de la France depuis la fin du XIe siècle jusqu'à la fin du XVe (1836).
Seng berühmteste Wierker dréinen sech ëm d'Neizäit. Hie wollt iwwert eng laang Zäit eng Geschicht vun der Reformatioun schreiwen, mee nëmmen en Deel dovunner, d'Reformatioun zu Genf, gouf publizéiert. Fir seng Histoire de Marie Stuart (2 Bänn, 1851) huet hien Dokumenter benotzt, déi bis dohinner nach net verëffentlech gi waren, déi meeschte Sourcen huet hien an den Archiver vu Simancas fonnt. Hien huet och e puer Wierker iwwert d'Geschicht vu Spuenien geschriwwen, déi e grousse Succès waren: Charles Quint, son abdication, son séjour, et sa mort au monastère de Yuste (1845); Antonio Perez et Philippe II (1845); Histoire de la rivalité de François Ier et de Charles Quint (1875). Zur selwechter Zäit krut hien den Optrag fir d'diplomatesch Akte vum Spueneschen Ierffollegkrich fir d'Collection des documents inédits ze verëffentlechen; nëmme véier Bänn vun dësen Negotiations goufe publizéiert (1835-1842), a si ginn nëmme bis bei de Fridde vun Nijmwegen.
Hien ass zu Paräis gestuerwen.