François Schanen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Schanen vu Schengen, gebuer de 16. Mee 1938 an der Stad, ass e franséische Sproochwëssenschaftler vu Lëtzebuerger Originnen.
[Änneren] Biographie
De François Schanen huet seng Primärschoul zu Bremke (Däitschland) an zu Schengen gemaach. Dono koumen Etudes gréco-latines zu Déifert (an der Belsch) vun 1948-1955. Vun 1955-1962 huet hie Philosophie an Theologie zu Lyon a Frankräich studéiert, an dono Germanistik an Allgemeng Linguistik op der Sorbonne zu Paräis (vun 1962-1965).
No der Franséischer Naturalisatioun (1969/1970) huet hien eng Maîtrise a CAPES d'allemand (1971), eng Agrégation d'allemand (1972) a schliisslech d'Habilitatioun mat engem Doctorat d'Etat (1980) gemaach. Hie war Däitschprofesser am Enseignement Secondaire an der Paräisser Géigend (1963-1972), dunn Assistant op der Universitéit Toulouse-le-Mirail (1971-1981) a schliislech Professeur titulaire des universités op der Universitéit Paul Valéry vu Montpellier (1981-2000). Hie gouf Professeur émérite am Jor 2000.
Weider war de François Schanen Member am Jury d'Agrégation d'allemand (1978-1982; 1988-1992), Directeur de l'unité de Formation et de Recherche des langues vivantes zu Montpellier (1986-1991) an Direkter vun zwou Equipe-de-recherchen: Etudes germaniques (1983-1988) a Récits et mythologies bibliques (1993-1999). Hien ass vun 1973 u Member vum Institut Grand-Ducal an och Offizéier am Ordre des Palmes académiques (1989/2001).
De François Schanen wunnt zu Clapiers bei Montpellier a Frankräich.
[Änneren] Aarbecht a Wierk
Als Enseignant an der Linguistik an am Däitschen huet de Professer Schanen seng Carrière secondaire an universitaire mat net onwichtegen administrative Verantwortungen zu Paräis, Toulouse a Montpellier opgebaut.
Parallel dozou huet hie sech och verdéngt gemaach als Iwwersetzer a Fuerscher. Hien huet aacht Bicher iwwer Philosophie, Theologie, Literatur a Bibelforschung vum Däitschen an d'Franséischt iwwersat, ë.a.:
- Rudolf Schnackenburg: Le message moral du Nouveau Testament, (Le Puy, 1963 1 Oplo, 1965 2. Oplo, 368 S.);
- Ernst Neuhäusler: Exigence et morale chrétienne. (Coll. Lectio divina, n° 70; Paris, 1971, 370.);
- an deelweis: Eberhart Jüngel: Dieu, mystère du monde (Paris, 1983; tome I: 351 S.; tome II: 316 S.).
Dobäi huet hien och dem franséische Publikum Iwwersetzunge vu Gedicht- a Konschtsammlungen zougänglech gemaach ë.a. vum
- Georg Trakl,
- Rainer Maria Rilke,
- Ernst Jandl,
- Ernst Jünger,
- Heinrich von Kleist,
- Dieter P. Meier-Lenz,
- Else Lasker-Schüler,
- Paul Celan.
Als Fuerscher an Didaktiker ass de Professer Schanen renomméiert duerch sechs däitsch Grammatiken a ronn honnert linguistesch Bäiträg an Zäitschrëften a Kolloquien, ë.a.:
- Grammaire de l'allemand. Formes et fonctions (Paris, 1986, 608 S.; verschidden Oploen; iwwer 50.000 Exemplairen; mat der Collaboratioun vum J. P. Confais);
- Grammatik Deutsch als Fremdsprache (München, 1995, 232 S.);
- La grammaire allemande. Collection Bescherelle. (Paräis, 2000, 383 S.; éischt Oplo: 45000 Exemplairen; mat der Collaboratioun vum G. Cauquil).
Iwwert déi theoretesch linguistesch Positiounen vum François Schanen, cf. D. Baudot an I. Behr (Hrsg.): Funktion und Bedeutung: Modelle einer syntaktischen Semantik des Deutschen. Festschrift für François Schanen (Eurogermanistik. Tübingen 2003, 359 S.).
Wat d'Lëtzebuergescht ugeet, huet de François Schanen vu 1972-1980 seng Thèse d'Etat iwwert d'Syntax geschriwwen, net nëmmen iwwert d'Syntax vum Schengener Dialekt:
- Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l'énoncé verbal. Thèse d'Etat. Sorbonne – Paris IV, 4 Bänn, 1160 Säiten. Microfiches. (Lille, 1981. Op Pabéier an der Bibliothèque Nationale an am CNL vu Miersch).
Déi grondsätzlech nei Thees ass vum Fernand Hoffmann als Pionnéieraarbecht begréisst ginn (cf. "Saussure enfin désaussurisé ou quand la linguistique se met au diapason de la dialectologie. Présentation des Etudes sur la syntaxe du luxembourgeois de François Schanen", in: Bulletin Linguistique et Ethnologique de l'Institut Grand-Ducal, Luxembourg, fasc. 24, 1987, S. 129-141).
E preliminairen Auszug ass 1978 publizéiert ginn: "Observations sur le système verbal du luxembourgeois: inventaire critique des formes. Emplois fonctionnels des temps", in: Bulletin linguistique et ethnologique de l'Institut Grand-Ducal, Luxembourg; fasc. 21, 1978, S. 27-90.
E Resumé vun dëser Gruppegrammatik ass 1987 erauskomm: "Grundzüge einer Syntax des Lëtzebuergeschen", in: J. P. Goudaillier (Hg): Apekte des Lëtzebuergeschen. Beiträge zur Phonetik und Linguistik, Bd. 55, Hamburg, S. 3-87.
E puer aner Bäiträg sinn:
- "D'Lëtzebuerger Platt", in: J. M. Zemb: Vergleichende Grammatiken. Duden. Französisch-Deutsch. Comparaison de deux systèmes. Vol. 2., Mannheim, 1984, S. 355-383;
- "La place des éléments verbaux en luxembourgeois: principes de linéarisation", in: Festschrift für Albert Schneider. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg. Germanistik fasc. III. Luxembourg, 1991, S. 273-297;
- "Les enjeux linguistiques d'un nouveau dictionnaire du luxembourgeois", in: d'Lëtzebuerger Land, dossier 3/94, Supplément n° 38 du quotidien du 23/09/1994, S. 9-12;
- "Kréien (+ Partizip II) im Lëtzebuergeschen", in: Claudine Moulin / Damaris Nübling: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie, Heidelberg 2006, S. 203-225;
- "Kohärenzbedingungen im geschriebenen Lëtzebuergesch". Texte coordonné du système officiel de l'orthographe luxembourgeoise und Nei Lëtzebuergesch Grammatik, IGD/CNL: Lëtzebuergesch. Entwicklungstendenzen und Forschungsperspektiven einer jungen Sprache, Luxemburg, 2005, S. 169-182.
Zënter sengem Emeritat (2000) huet de Professer Schanen nees, mat der Hëllef vu Lëtzebuerger Doktoranden, seng Recherchen iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch a verschidde Richtungen aktivéiert.
Zënter März 2006 schreift hien och regelméisseg eng Sproocherubrik fir d'Zeitung d'Lëtzebuerger Land.
Recherche:
- "Du nouveau en linguistique luxembourgeoise", in: Luxemburger Wort. Die Warte vum 16/01/2003;
- "Lettre ouverte à la rédaction du journal La Voix et du Luxemburger Wort iwwert d' Grammaire de la langue luxembourgeoise vum MEN: 15/06/2005.
- "Prosodie luxembourgeoise", in: Susanne Craemer / Enrica Yvonne Dilk / Heinz Sieburg / Ferdinand Stoll: Europäische Begegnungen. Beiträge zur Literaturwissenschaft, Sprache und Philosophie. Festschrift für Joseph Kohnen, Luxembourg, 2006, S. 509-522.
Orthographie:
(no enger explizitter Bestellung vun der Kulturministesch) mat der efficacer Collaboratioun vum Jérôme Lulling, docteur-ès-lettres: Introduction à l'orthographe luxembourgeoise, op Lëtzebuergesch: 149 S. an op Franséisch:158 S. Dësen Text kann ee sech gratis vum Site vum CPLL eroflueden.
Gesamtpresentatioun vum Lëtzebuergeschen:
(mat Geschicht: 21-28; nei Grammatik: 41-210; Lexik 225-366; Bibliographie: 367-373): Parlons luxembourgeois. Langue et culture linguistique d'un petit pays au cœur de l'Europe. Collection Parlons. Paris, 2004, 376 S.
Dictionnaire:
op d'Initiativ vum Coauteur Jérôme Lulling: Luxdico: dictionnaire bilingue. Lëtzebuergesch > Franséisch. Français > luxembourgeois. 48000 traductions. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, a Presses Universitaires de Namur, 2004 1. Oplo, 2005 2. Oplo, 303 S. an der 2. Oplo.
Grammaire mat Übungen:
bei den Editions Schortgen zu Esch-Uelzecht, mat der Collaboratioun vum Jacqui Zimmer, besonnesch fir d'Exercicen www.schortgen.lu (édition)
- 1, 2, 3 Lëtzebuergesch Grammaire.
- Volume 1: Le groupe verbal, 111 S.(Mee 2005)
- Volume 2: Le groupe nominal (et les autres groupes), 151 S.(2006).
- Volume 3: L'orthographe (avec index et bibliographie), 138 S.(2006).