Frank Dyson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sir Frank Watson Dyson, gebuer den 8. Januar 1868 zu Measham bei Ashby-de-la-Zouch, England ass gestuerwen de 25. Mee 1939. Hie war en engleschen Astronom.
Den Dyson huet vun 1894 bis 1906 zu Blackheath, London geliewt. Hie war Astronomer Royal for Scotland vun 1905 bis 1910, an Astronomer Royal (a gläichzäiteg Direkter vum Royal Greenwich Observatory) vun 1910 bis 1933.
Séng Éierung zum Sir krut hien am Joer 1915. 1928 entwéckelt hien eng nei fräipendelnd Auer, wouduerch d'Zäitmiessung op dem Nullmeridian am Greenwich-Observatoire méi präzis ginn ass. Am Joer 1922 ass den Dyson mat der Bruce Medal an am Joer 1925 mat der Goldmedaille vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent ginn. Zu Éieren vum Dyson goufen den Dyson-Krater op dem Äerdmound souwéi den Asteroid (1241) Dysona no him genannt.