Gérard Blain
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gérard Blain ass e franséische Schauspiller, Filmregissuer an Dréibuchauteur. Hien ass den 23. Oktober 1930 zu Paräis am Frankräich gebuer an den 17. Dezember 2000 zu Paräis gestuerwen.
[Änneren] Biografie
De Gérard Blain huet mat 13 Joer d’Schoul verlooss an huet op der Strooss gelieft.
A senger Autobiografie Un enfant dans la foule schreiwt hien iwwert sech : Depuis mon enfance, je me considère avec la société en état de légitime défense.
Bei de Film kënnt hien duerch Statisterollen. Am Alter vu 26 Joer kritt hie vum Julien Duvivier eng grouss Roll am Film Voici le temps des assassins. A Filmer vum Claude Chabrol ewéi Les cousins a Le beau Serge kritt hien Haaptrollen ze spillen. Hollywood bitt him eng Roll am Film Hatari vum Howard Hawks mam John Wayne an Hardy Krüger.
Vun 1970 un huet hien et och als Filmregisseur versicht mat Filmer ewéi Les amis a Le pélican.
De Gérard Blain huet als Schauspiller a méi ewéi 60 Filmer matgespillt.
[Änneren] Filmer
[Änneren] Schauspiller (Auswiel)
- 2000 : Bandits d'amour , vum Pierre Le Bret mat der Florence Loiret
- 1995 : Jusqu'au bout de la nuit , vum Gérard Blain mat der Anicée Alvina a mam Gamil Ratib
- 1992 : Chasse gardée , vum Jean-Claude Biette mat der Tonie Marshall an dem Rüdiger Vogler
- 1989 : Jour après jour , vum Alain Attal mat der Jeanne Moreau
- 1987 : Natalia, vum Bernard Colin mam Pierre Arditi
- 1986 : Poussière d'ange , vum Edouard Niermans mam Bernard Giraudeau a Michel Aumont
- 1981 : Un dimanche de flic , vum Michel Vianey mam Victor Lanoux a Jean Rochefort
- 1980 : La flambeuse, vum Rachel Weinberg mam Laurent Terzieff an der Léa Massari
- 1977 : Der amerikanische Freund, vum Wim Wenders mam Dennis Hopper a Bruno Ganz
- 1977 : Joë Caligula, vum José Bénazéraf mat der Jeanne Valérie a mam Michel Lemoine
- 1973 : Le pélican, vum Gérard Blain mam Daniel Sarky
- 1966 : Un homme de trop , vum Costa-Gavras mam Charles Vanel a Bruno Cremer
- 1964 : Les vierges , vum Jean-Pierre Mocky mam Charles Aznavour a Jean Poiret
- 1962 : Hatari , vum Howard Hawks mam J Wayne an Hardy Krüger
- 1960 : Il gobbo (Le bossu de Rome), vum Carlo Lizzani mat der Anna-Maria Ferrero an dem Bernard Blier
- 1959 : Les cousins , vum Claude Chabrol mam Jean-Claude Brialy an der Juliette Mayniel
- 1958 : Le beau Serge , vum Claude Chabrol mam Jean-Claude Brialy an der Bernadette Lafont
- 1957 : Les mistons, vum François Truffaut (Kuerzfilm) mat der Bernadette Lafont
- 1956 : Voici le temps des assassins, vum Julien Duvivier mam Jean Gabin an der Danièle Delorme
- 1943 : Le Carrefour des enfants perdus , vum Léo Joannon net genannt
[Änneren] Regisseur
- 2000 : Ainsi soit-il
- 1995 : Jusqu'au bout de la nuit
- 1986 : Pierre et Djemila
- 1980 : Le rebelle
- 1978 : Un second souffle mam Robert Stack
- 1976 : Un enfant dans la foule
- 1973 : Le pélican
- 1970 : Les amis
[Änneren] Dréibuchauteur
- 2000 : Ainsi soit-il
- 1995 : Jusqu'au bout de la nuit
- 1986 : Pierre et Djemila
- 1980 : Le rebelle
- 1978 : Un second souffle
- 1976 : Un enfant dans la foule
- 1973 : Le pélican
- 1970 : Les amis