Geschir
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Op dëser Säit fannt dir eng Partie Artikelen, déi all deeselwechte Numm hunn, an dofir ausernee gehal musse ginn, sief et bei Persounen duerch Derbäisetze vu Liewensdaten, oder bei Länner a Stied duerch den Zousaz (Land) oder (Stad). Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia. |
Den Ausdrock Geschir huet e puer Bedeitungen:
- e Sammelbegrëff fir Behälter aus Parzeläin (Telleren an Tasen) an anert Material, déi fir ze Kachen a fir d'Iesse gebraucht ginn: kuckt Kichegeschir
- e Sammelbegrëff fir Tournevissen, Buermaschinnen, Schrauweschlësselen an Aneres, mat deem an engem Atelier hantéiert gëtt: kuckt Handwierksgeschir
- d'Rimmen mat deenen e Päerd virun e Won oder eng Kutsch gespaant gëtt: kuckt Päerdgeschir
- d'Aktivitéit, wann e Mënsch verhéiert gëtt ("e gouf an d'Geschir geholl"): kuckt Verhéier
- e pejorativen Ausdrock fir Persounen ("frecht Geschir"): kuckt Persoun
- en Euphemismus fir "Geschlechtsdeeler": kuckt Geschlechtsorganer
- "Nuetsgeschir": kuckt Pottschamb
- alles, dat néideg ass, fir de Baart ze maachen: kuckt Baartgeschir
- alles, dat gebraucht gëtt fir ze Fëschen: kuckt Fëschgeschir