Gnod
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner Gnod versteet een eng wuelgewollten Zouwendung (lat.: benevolentia) un en Ofhängegen; deejéinegen, deen d'Gnod empfängt, ass komplett der Willkür vun deem ausgeliwwert, deen him se zoukomme léisst. An der chrëschtlecher Theologie ass d'Gnod (lat.: gratia) vu Gott vun zentraler Bedeitung.
Gnod kënnt vum däitsche Wuert Gnade wat séngersäits seng Urspréng am Alhéichdäitsche ginada an am Mëttelhéichdäitsche genade huet. Sproochgeschichtlech verwandt ass et mam germanesche Wuertstamm neth, dem Indogermaneschen net an dem Alindeschen nath, wat esouvill heescht wéi ëm Hëllef bieden.
Eng Begnodegung as d'Noloosse vun enger Stroof. Dëst fällt och ënner Baarmhäerzegkeet.