Gordian Troeller
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles 'Gordian' Troeller gebuer de 16. Mäerz 1917 an der Stad, a gestuerwen den 20. Mäerz 2003 zu Hamburg, war e lëtzebuergesche Journalist, Dokumentarfilmmécher a Resistenzler.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
1938 geet de Gordian Troeller als Spueniekämpfer an de Spuenesche Biergerkrich, fier géint d’franquistesch Truppen ze kämpfen. Hie schléisst sech fier d’éischt de kommunistesche Brigaden un, mee geschwënn dono, well e matt hieren dogmatesch-ideologesche Vuën net eens gëtt, den Anarchisten.
Knaps zeréck zu Lëtzebuerg, muss e 1940 matt senger jiddescher Frëndin a Frankräich flüchten, wou se sech bestueden. Matt Hëllef vum hollännesche Geheimdéngscht baut hien e Resistenzler-Réseau op, deen Hollänner, Belsch a Lëtzebuerger duerch Frankräich, Spuenien a Portugal bis a Groussbritannie schleist.
Verbattert iwwert d’Haltung vun der Lëtzebuerger Exilregierung an der Anerweis, wéi d’politescht Liewen zu Lëtzebuerg sech nom Krich organiséiert huet, grënnt e mat dem Norbert Gomand d’Wochenzeitung l’Indépendant, wouran e séng Meenung ka soen. Besonnesch d'Haltung vun der lëtzebuerger Regirung géintiwwer hire Biirger während der Nazi-Okkupationszäit gëtt kritisch beschriwwen. Dat féiert dozou, datt d'Regierung mat enger Suite vu Prozesser déi Zeitung an d'Faillite dreift. E Strapp dono dréint e Lëtzebuerg de Réck a schafft virun allem als Auslandskorrespondent vu verschiddenen europäeschen Zeitungen. Hie mécht ë.a. Reportage vun den Nürnberger Prozesser a, vu Madrid aus, iwwer Spuenien.
Am Ufank vun de 1950er Joren léiert de Gordian Troeller d’Marie-Claude Deffarge kennen a mécht matt hir zesumme Reportage vun aus der ganzer Welt. Vu 1960 un schaffen si ënnert anerem bis 1972 regelméisseg fir déi däitsch Illustréiert Stern.
Bekannt ginn si virun allem duerch hir Dokumentar-Filmer, déi se vun 1963 u maachen. D’Serie "Im Namen des Fortschritts" (fr. "Au nom du progrès") besteet aus 22 Filmer, déi se tëscht 1974 a 1984 gedréint hunn. 1984 stierft d’Marie-Claude Deffarge, an de Gordian Troeller schafft viru mat der Ingrid Becker-Ross, mat deer en och schonn d’Serie "Frauen der Welt" (fr.: "Planète des femmes" ; 12 Filmer tëschent 1979 an 1983) gedréint huet. Zesumme réaliséieren se 35 Filmer aus der Serie "Kinder der Welt", déi all op der däitscher Tële, zum Deel och op deer franséischer, gewise goufen.
A sengen engagéierte Reportage stellt den Troeller sech ëmmer op d’Säit vun deene Schwaachen. D’Leitmotiv ass d’Beschreiwung vum schwéiere Liewe vun den ‘einfache Leit’ an de sougenannten Ëntwécklungslänner, agebonnen an déi politesch a wirtschaftlech Conditiounen, déi dëst Liewe bedingen. Den Troeller prangert d’Amëschen an dat rücksichtlos Duerchsetze vun den Interessen vun den viermolege Kolonialmiecht un, mee och déi "importéiert" Ideologië vun den neien Hären a Meeschteren, (mer sinn am Kale Krich), déi gewuesse Strukturen zerstéieren an déi nei Ongerechtegkeete schafen. Hie weist, zum Beispill un Hand vu brasilianeschen Doléiner an enger Zockerplantatioun, wéi de sougenannte ‘Fortschrëtt’, deen de Welthandel fördert, derzou bäidréit, datt e puer Wéineg sech kënnen iwwerméisseg beräicheren, iwwerdeems wäit Deeler vun der Populatioun ënnert der Hongersgrenz liewe mussen.
Fir séng Reportage kritt de Gordian Troeller eng Hellewull Präisser, dorënner 1992 de renomméierten Adolf-Grimme-Preis fier säi Liewenswierk.
Hien verscheed 2003 am Alter vu 86 Joer zu Hamburg.
[Änneren] Seng Dokumentarfilmer
- Ein Kriegsbericht aus dem Mittelalter Jemen 1963
- Durchs blutige Kurdistan Irak 1964
- Ein vergessener Völkermord Sudan 1967
- Im belagerten Sanaa Nordjemen 1967
- Die Revolte der Sklaven Oman 1969
- Ein Jahr nach der Revolution 1969
- Die revolutionäre Kirche in Lateinamerika 1969
- Das Mittelalter will nicht sterben Jemen 1970
- Noch ein Biafra Sudan 1970
- Im Land der 1001 Bohrtürme Persesche Golf 1971
- Das Sultanat Oman Oman 1971
- Südjemen, das Kuba der arabischen Welt Südjemen 1972
- Algier, Hauptstadt der Revolutionäre Algerien 1972
- Kommunisten seit 1000 Jahren Südjemen 1973
- Der Zorn der Korsen Frankräich 1973
[Änneren] Im Namen des Fortschritts
- 01 Der Fluch der Abhängigkeit Algerien 1974
- 02 Die Schule des Teufels Togo 1974
- 03 Zum Teufel mit der Schule Tansania 1974
- 04 Verarmungshilfe Gabun 1975
- 05 Mit Medizin ins Unglück Gabun - Senegal 1975
- 06 Die weiße Revolution Iran 1975
- 07 Auf Gedeih und Verderb Frankräich 1975
- 08 Europas Weinfässer laufen über 1975
- 09 Kein Respekt vor heiligen Kühen Mexiko 1976
- 10 Protest gegen Paris Bretagne Elsass-Loutrengen 1976
- 11 Kein Platz für Indianer Kanada 1976
- 12 Allein gegen die Großen Eritrea 1977
- 13 Der schwarze Islam Elfebeenküst 1977
- 14 Von Basken und Katalanen Spuenien 1977
- 15 Freiheit verboten Somalia 1978
- 16 Die grauen Panther USA 1978
- 17 Die Nachkommen der Inkas Bolivien 1978
- 18 Die Freien des Nordens Kanada 1979
- 19 Fabriken für die Dritte Welt Tunesien 1979
- 20 Der persische Traum Iran 1979
- 21 Bitterer Zucker Brasilien 1983
- 21 Die Saat des Fortschritts oder das Ende der Entwicklung USA 1984
[Änneren] Frauen der Welt
- 01 Männerherrschaft unbekannt Sumatra 1979
- 02 Vom Nutzen der Vielehe Togo 1979
- 03 Freiehit unter dem Schleier Iran 1980
- 04 Im Dienst der Revolution Eritrea 1980
- 05 Vom fluch der Jungfräulichkeit Egypten, Italien 1980
- 06 Von Zucht und Unzucht Bolivien 1980
- 07 Abschied vom Lachen Peru 1981
- 08 Im Käfig der Freiheit Peru 1981
- 09 Die Herren - Ein Pamphlet gegen die Männerherrschaft Frankräich 1982
- 10 Aufstand der Hexen Westdäitschland 1982
- 11 Verraten und verkauft - Der Vormarsch der Rechten USA 1982
- 12 Im Namen der Liebe Frankräich 1983
[Änneren] Kinder der Welt
- 01 ... denn ihrer ist das Himmelreich Bolivien 1984
- 02 Im Schatten der Götter Indien 1984
- 03 Erziehung zum heiligen Krieg Iran 1985
- 04 Verschult und verschaukelt West-Afrika 1985
- 05 Denn sie wissen,was sie tun Bolivien 1985
- 06 Die Vergessenen 1986
- 07 Jedem das Seine USA 1986
- 08 Die gezähmten Wilden USA 1987
- 09 Versklavt und vergöttert Nepal 1987
- 10 Die Verlassenen Honduras 1987
- 11 Nachwuchs nach Maß Singapur 1987
- 12 Parieren geht über Studieren Japan 1987
- 13 Im Schatten der Apartheid Mozambik 1988
- 14 Von Moslems und Christen 1988
[Änneren] Literatur zum Thema
- ADICK, Ch.; STUKE, F. (Hg.), Ferne Länder - fremde Sitten. Analysen zum Filmwerk Gordian Troeller. Frankfurt 1996
- GARCIA Robert, Abrechnung mit den Mächtigen, der Filmemacher Gordian Troeller, in Lëtzebuerger Almanach ’89, 44-57.
- ROEMEN, Robert, Charles "Gordian" Troeller ist tot : Resistenzler, Geheimdienstchef, Journalist und Filmemacher / r.. - In: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 56(2003), Nr. 58(25. Mäerz), p. 2, ill.