Guy Berg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Guy Berg, gebuer den 3. Juni 1963 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
De Guy Berg huet zu Heidelberg a Mainz Germanistik studéiert (hie krut 1987 den Hugo-Moser-Förderpreis) an iwwer d'Ëntwécklung vum Lëtzebuergesche promovéiert. Hie schafft als Iwwersetzer beim Europäesche Parlament.
1998 huet hien de Fuerschungsprojet Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) an d'Liewe geruff. Säin Haaptfuerschungsthema ass d'Yolanda vu Veianen; 1999 huet hien an der Bibliothéik vum Grof vun Ansebuerg d'Manuskript vum Codex Mariendalensis erëmfonnt, dat als verluer gegollt huet, mee glécklecherweis just vertässelt gi war.
Hien ass Member vun der Sektioun fir Linguistik, Ethnologie an Onomastik vum Institut Grand-Ducal an huet och Fuerschungsaarbechten ë.a. zum Nicolas Gredt, Pierre-Alexandre-Cyprien Merjai an Alexander Wilteim erausginn.
[Änneren] Aarbechten (Auswiel)
- 'Mir wëlle bleiwe wat mir sin': Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachgkeit. Tübingen, Niemeyer 1993.
- "Der Codex Mariendalensis. Zur Wiederauffindung, Erschließung und Edition einer hochmittelalterlichen Handschrift aus dem Raume Luxemburg". In: Bulletin linguistique et ethnologique 30 (2000), S. 7-26.
- Editeur vu kommentéierte Rééditiounë vum Wiltheim senger Vitae Venerabilis Yolandae (2006) an dem Gredt sengem Sageschatz des Luxemburger Landes (2005).