Hänkbrécken a Schréiseelbrécken
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Hänkbréck ass eng Bréck deeër hiren Tablier u Pottoen hänkt déi iwwer den Tablier eraustinn an iwwer déi meeschtens een oder zwéin Haaptkabelen (Drokabelen) gespaant sinn. Un dësen Drokabelen hänken da Verbindungskabelen déi och um Tablier festgemaach sinn an deen doduerch droen. Grouss Hänkbrécke sinn d'Golden Gate Bridge, Akashi-Kaikyo-Bréck, Firth-of-Forth-Stroossebréck an Tacoma Narrows Bridge.
Eng aner Versioun vun Hänkbrécke sin déi sougenannte Schréiseelbrécken. Dës hu keen Haaptdrokabel, mä d'Kabelen déi den Tablier droen sinn direkt vun der Spëtz vun dem Pylone deen Bréck dréit mat dem Tablier verbonn.
Hei ginn dräi Formen ënnerscheet:
- Harfeform: d'Drokabele lafe parallel
- Bëschelform: d'Drokabele lafen zum Pylone zou spatz zesummen
- Gemëschte Form: eng Parti vun den Drokabelen ass an Harfeform an déi zweet a Bëschelform.
Grouss Brécken an dëser Bauweis sinn de Pont de Normandie an de Viaduc de Millau.
Schréiseelbrécke kënnen duerch hir konstruktiounsbedingt Mechanik keng sou grouss Wäiten iwwerspane wéi Hänkbrécken.