Heim ins Reich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Heim ins Reich Wéi Lëtzebuerg sollt preisesch ginn |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg, Belsch |
Produktiounsjoer: | 2004 |
Dauer: | 120 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Claude Lahr |
Dréibuch: | Claude Lahr Willy Perelsztejn |
Kamera: | Stéphane Patti |
Musek: | Lingo |
Produzent: | Nowhere Land Willy Perelsztejn Centre National de l'Audiovisuel Les Films de la Mémoire |
Haaptacteuren | |
(an de Spillszenen) Marcel Heintz Gilles Dazzan Pitt Max Cliff Schmit John Gerten Thierry Simonelli |
Heim ins Reich (Wéi Lëtzebuerg sollt preisesch ginn) ass en Dokumentarfilm iwwert d'Zäit vun 1940-1944 zu Lëtzebuerg, wéi dat vun Nazi-Däitschland besat war.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
De Kader bilden d'Onofhängegkeetsfeierlechkeeten vun 1939 an d'Zeréckkommen vun der Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil. Un Hand vun den Témoignage vun iwwer 20 Zäitzeien, Filmopname vun deemools, Fotoen a nogespillten Szenen beschreift de Film, wéi nom Iwwerfall d'Nazie probéiert hunn,am Ufank matt Propagandagetéins, dono ëmmer méi matt Terrormethoden, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzegen, dass si Heim ins Reich gehéiere giffen, an d'Reaktiounen doropper. Verzielt gëtt wéi eng Minoritéit sech no an no aktiv an der Resistenz organiséiert, eng aner Minoritéit kollaboréiert huet, an e groussen Deel vun der Bevëlkerung probéiert huet, sech, ouni sech ze * kompromitéieren, sou gutt wéi méiglech duerchzeschloen. Thematiséiert ginn och d'Anzéie vun de Lëtzebuerger an d'Wehrmacht, d'Emsiddlung, an d'Déportatioun vun de Lëtzebuerger Judden.
[Änneren] Gielercher
- Festival international du Film d'Art de l'Unesco à Paris: Grand Prix de la Recherche Historique
- Lëtzebuerger Filmpräis 2005: Beschte Film
- Lëtzebuerger Filmpräis 2005: Publikumspräis
[Änneren] Soss
De Film war en aussergewéinleche Succès: Iwwer 27.000 Leit hunn en zu Lëtzebuerg am Kino gesinn; e puer Woche war en Nr.1 am Box office. Den Ënnertitel vun der franséischer Versioun ass "L'échec d'une annexion". Et gëtt eng gekierzte Versioun vum Film vun enger knapper Stonn, déi op der belscher Televisioun gewise ginn ass.
De Film gëtt et och an der kompletter Fassung op DVD.