Honorio Siccardi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Honorio Siccardi (* 13. September 1897 zu Buenos Aires, † 10. September 1963 zu Lomas de Zamora) war een argentinesche Komponist.
Hien huet zu Buenos Aires beim Felipe Boero an Ernesto Drangosch Piano a beim Arturo Berutti a Gilardo Gilardi Harmonieléier studéiert. 1918 goung en an Italien, fir seng Ausbildung um Conservatoire vu Parma weider ze maachen. Do war hien ee Schüler vum Gian Francesco Malipiero.
En huet dräi Opere komponéiert, zwee Balletter, eng Simphonie, zwou Argentinesch Suiten, ee Geien- an ee Pianosconcert, e puer Chouerwierker a Lidder. Dernieft huet en och musekwëssenschaftlesch Wierker erausginn.