Hostage
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Hostage |
Produktiounsland: | USA Däitschland |
Produktiounsjoer: | 2005 |
Dauer: | 113 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Equipe | |
Regie: | Florent Emilio Siri |
Dréibuch: | Robert Crais Doug Richardson |
Kamera: | Giovanni Fiore Coltellacci |
Musek: | Alexandre Desplat |
Produzent: | Mark Gordon Arnold Rifkin Bob Yari |
Haaptacteuren | |
Bruce Willis als Jeff Talley Kevin Pollak als Walter Smith Jonathan Tucker als Dennis Kelly Ben Foster als Mars Jimmy Bennett als Tommy Smith Michelle Horn als Jennifer Smith Jimmy 'Jax' Pinchak als Sean Mack Marshall Allman als Kevin Kelly Serena Scott Thomas als Jane Talley Rumer Willis als Amanda Talley Hector Luis Bustamante als Officer Ruiz |
Hostage ass en Action/Thriller Film vum Florent Emilio Siri aus dem Joer 2005. E baséiert op dem Bestsellerroman mam selweschten Numm vum Robert Crais.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Den Jeff Talley ass am LAPD zoustänneg fir d'Verhandlunge bäi Geiselnamen. Wéi dat eng Kéier schief leeft an eng Mamm an hiert Kand dobäi ëmkommen, decidéiert den Talley fir mat senger Famill Los Angeles ze verloossen a méi eng roueg Plaz als Polizeichef vun der Stad Bristo Camino am Ventura County unzehuelen.
Enges Dages briechen dräi jugendlech Krimineller bäi enger räicher Famill an, fir hiren Auto ze klauen. Well awer de klenge Bouf vun der Famill d'Police alarméiere konnt, geréit dat Ganzt zum Geiseldrama. Den Talley kënnt op d'Plaz, mee well en ni méi mat esou enger Situatioun konfrontéiert wollt ginn, gëtt en de Kommando vun der Operatioun un de Sheriff vu Ventura County of. Wat heen do nach net wësse konnt, dat ass datt d'Haus dem Walter Smith gehéiert, engem korrupte Kontabel dee fir eng kriminell Organisatioun d'Konte gefouert huet an déi grad deen Dag verschlësselt op DVD gebrannt huet. D'Verbriechersyndikat wëll op alle Fall evitéieren, datt dat un d'Liicht kënnt an hëlt ouni ze zécken dem Talley seng Famill als Geiselen, fir datt den Talley hinne soll hëllefen, déi DVD erëm aus deem belagerten Haus erauszekréien.
Den Talley geet also erëm zréck op d'Plaz, déi Kéier am Hannerkapp, datt et direkt ëm zwou Geiselname geet an datt heen ënner Ëmstänn dem Smith seng Famill misst affere fir seng eegen ze retten. Dozou kënnt nach, datt zwee vun de jugendleche Geiselnehmer zwar nëmme kleng Autosdéif sinn, mee deen drëtten an hirer Clique en neien ass, dee sech als kal agéierende Psychopath erausstellt.