Informatik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Informatik (engl.: computer science) ass eng Ingenieurswëssenschaft, déi sech mat der systematescher an automatescher Veraarbechtung, Duerstellung, Späicherung an Iwwerdroung vun Informatioun, besonnesch mat Hëllef vu Computeren, befaasst.
Se huet sech ënner anerem aus der Mathematik an der Elektrotechnik entwéckelt a gëtt zënter den 1960er Joren als selbststänneg Wëssenschaft ugesinn. Well an alle Richtunge vun der Wëssenschaft d'Duerstellung, Interpretatioun, Veraarbechtung an d'Produktioun vun Informatioun eng zentral Roll spillt, déngt d'Informatik als universell Hëllefswëssenschaft.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Deeldisziplinnen an der Informatik
Traditionell deelt d'Informatik sech a folgend Beräicher op:
[Änneren] Theoretesch Informatik
D'Theoretesch Informatik beschäftegt sech mat der Abstraktioun an der Konstruktioun vu Modeller an Zesummenhang mat Problemer, déi an iergendenger Weis mat Computeren ze dinn hunn. Si ass d'mathematesch Basis vun der Informatik an domat och déi eelsten Deeldisziplin. Si ënnerdeelt sech ënner anerem an:
- Automatentheorie a Formal Sproochen
- Berechebarkeetstheorie
- Komplexitéitstheorie
- Algorithmen an Datestrukturen
- Formal Semantik
[Änneren] Praktesch Informatik
D'Praktesch Informatik befaasst sech mat de softwaresäitege Grondlage vun der Informatik. Si gëtt dacks als de Kär vun der Informatik ugesinn, obwuel et am amerikanesche Sproochgebrauch kee richtegen Numm fir se gëtt. Zu hir zielen zum Beispill:
- Softwaretechnik
- Programméiersproochen
- Compilerbau
- Datebanken
- Betribssystemer
[Änneren] Technesch Informatik
D'Technesch Informatik befaasst sech mat den hardwaresäitege Grondlage vun der Informatik. Hir Wuerzele leien an der Elektrotechnik an an der Logik. De Mëttelpunkt vun der Technescher Informatik läit awer virun allem an der Kombinatioun vun den eenzelne Bauelementer, sou datt se funktiounsfäeg Computeren erginn. Zu hir ginn ënner anerem gezielt:
- Computerarchitektur
- Robotik
- Schaltungen
[Änneren] Applizéiert Informatik
D'Applizéiert Informatik beschäftegt sech mat den Uwennungsméiglechkeete vu Computeren an allen anere Beräicher vun der Wëssenschaft.
[Änneren] Entwécklung an der Informatik
- 1931: De Kurt Gödel widderleet mat sengem Onvollstännegkeetssaz d'Hilbert-Entscheedungsproblem, datt all mathematesch Aussoe mat wouer oder falsch z'entscheede sinn.
- 1936: Den Alan Turing definéiert d'Turingmaschinn, een einfacht mathematescht Modell vun engem Rechenautomat.
- 1941: De Konrad Zuse baut Z3, deen éischte wierklech funktiounsfäegen a fräi programméierbare Computer.
- 1945: Den John von Neumann stellt seng Von-Neumann-Architektur vir, e Modell vun engem universelle Computer mat enger eenzeger Späicherstruktur, déi d'Instruktiounen an Donnéeë späichert.
- 1956: Den Noam Chomsky (Linguist) entwéckelt d'Chomsky-Hierarchie, eng Andeelung vu Grammatiken an Typen, déi an der Theoretescher Informatik vun zentraler Bedeitung ass.
[Änneren] Pionéier an der Informatik
- Alonzo Church (1903-1995)
- Edsger W. Dijkstra (1930-2002)
- Kurt Gödel (1906-1978)
- Stephen Kleene (1909-1994)
- Donald E. Knuth (1938-)
- Alan Turing (1912-1954)
- John von Neumann (1903-1957)
- Konrad Zuse (1910-1995)
[Änneren] Referenzen
- Peter Rechenberg: Was ist Informatik? Carl Hanser Verlag, 2000.
- Hans Breuer: dtv-Atlas zur Informatik. Deutscher Taschenbuch Verlag, 1995.
- Gesellschaft für Informatik e.V. (GI)