International Federation of Football History & Statistics
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() |
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'International Federation of Football History & Statistics (ofgekierzt IFFHS) ass en Amateurstatistik-Veräin zum Thema Foussball, deen de 27. Mäerz 1984 zu Leipzig gegrënnt gouf. Mëttlerweil ass en op Bonn geplënnert an ass am kinneklech-dänesche Staatsbüro registréiert.
D'Membere vun der IFFHS sinn eeler Foussballfans aus aller Häre Länner mat méi oder wéineger groussem Fachwëssen, déi sech an engem Veräin zesummegedongen hu fir eng chronologesch Dokumentatioun vum internationale Foussball an den authentesche Weltrekorder an alle Beräicher vum Foussball opzesetzen. All Joers wiele se intern déi hirer Meenung no Beschten am Foussballdomän.
De Sënn an Zweck vun deer Amateursorganisatioun gëtt a Fachkreeser ëmmer erëm ugezweifelt, wat awer net verhënnert, datt jiddereen dee vun hir je eng Kéier zum "Beschte" gewielt gouf, deen Titel gär a säi Liewenslaf mat eranhëlt an esou indirekt Reklamm fir d'IFFHS an hir Publikatiounen zum Thema Foussball mécht.