Isola Polvese
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Isola Polvese ass mat 5,4 km² déi gréisst vun den dräi Inselen am Trasimeno-Séi.
D’Insel war jorhonnertelaang vu Fëscher bewunnt, an Olivetanerpateren hate se bal komplett mat Olivebeem beplanzt, éier se 1645 virun der Malaria op Perugia geplënnert sinn.
Bis virun e puer Joer war d’Insel Privatbesëtz an d'Juegdrevéier vun enger umbrescher Famill.
D’Provënz Perugia huet se dunn am Joer 1972 opkaaft an als Erhuelungsgebitt ausgebaut. De gréissten Deel vun der Insel steet ënner Naturschutz an däerf net bebaut ginn.