Jacques Demy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacques Demy ass de 5. Juni 1931 zu Pontchâteau an der Loire-Atlantique am Frankräich op d’Welt komm. Hien ass de 27. Oktober 1990 zu Paräis un enger Gehirbluddung gestuerwen. Hie war e franséische Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Dialogist a Produzent. E war mat der Agnès Varda, enger franséischer Filmregisseurin bestuet. De Schauspiller Mathieu Demy ass dem Jacques Demy säi Jong..
D’Agnes Varda huet als Erënnerung un hire Mann dräi Filmer gedréint : Jacquot de Nantes (1991), Les demoiselles ont eu 25 ans (1993) a L'univers de Jacques Demy (1995).
Mat dem Film Lola huet de Jacques Demy der Schauspillerin Anouk Aimée en Monument gesaat.
De Film Les Parapluies de Cherbourg huet iwwerrascht, de ganze Film get nëmme gesongen. D’Musek zu den Dialogen huet de Michel Legrand geschriwen.
Säi nächste Film Les demoiselles de Rochefort ass en Hommage un d’amerikanesch Museksfilmer aus de 50er Joren awer duerch de Brëll vun engem Fransous gekuckt.
En aussergewéinleche Mäerchefilm ass Peau d’Ane (nom Charles Perrault), vum Sujet hir vielleicht net ganz gelongen, duerfir sinn d’Foto, d’Dekoren an d’Kostümer einfach fantastesch a wonnerschéin.
The Pied Piper spillt och an der Mäerchewelt, am Contraire vu Peau d’Ane ass deese Film awer ganz omheemlech a voll Raten an däischter Persounen.
Mat Une chambre en ville beweist den Jacques Demy erëm eng Kéier dat hien et verstanen huet d’Schauspillerinnen vun hirer schéinster Säit ze weisen. Wann de Film inhaltlech och net ganz gelongen ass, esou gëtt hien hei der Dominique Sanda ëng vun hire schéinste Rollen.
[Änneren] Filmer
[Änneren] als Regisseur
- 1955 : Le Sabotier du val de Loire
- 1957 : Le Bel Indifferent mam Jeanne Allard Angelo Bellini
- 1958 : Musée Grévin mam Michel Serrault
- 1959 : Ars
- 1961 : Lola mam Anouk Aimée an Elina Labourdette
- 1961 : Les Sept Péchés capitaux (Sketch : La Luxure):mam Claude Berri a Jean-Claude Brialy
- 1963 : La Baie des Anges mam Jeanne Moreau a Claude Mann
- 1964 : Les Parapluies de Cherbourg mam Catherine Deneuve a Nino Castelnuovo
- 1967 : Les Demoiselles de Rochefort mat de zwou Sëschteren Catherine Deneuve a Françoise Dorléac
- 1968 : Model Shop mam Anouk Aimée a Gary Lockwood
- 1970 : Peau d'Âne mam Catherine Deneuve a Jean Marais
- 1972 : The Pied Piper oder (The Pied Piper of Hamelin) mam Donald Pleasence, Roy Kinnear a Donavan
- 1972 : L'événement le plus important depuis que l'homme a marché sur la Lune mam Catherine Deneuve a Marcello Mastroianni
- 1978 : Lady Oscar mam Catriona Mac Coll a Barry Stokes
- 1980 : La Naissance du jour mam Jean Sorel a Dominique Sanda
- 1982 : Une chambre en ville mam Dominique Sanda a Danielle Darrieux
- 1985 : Parking avec Jean Marais a Laurent Malet
- 1988 : La Table tournante mam Mathieu Demy a Anouk Aimée
- 1988 : Trois places pour le 26 mam Yves Montand a Catriona Mac Coll
[Änneren] als Schauspiller
- Le bel indifférent (1957)
- Les quatre cents coups (1959)
- Paris nous appartient (1960)
- Les parapluies de Cherbourg (1964)
- Peau d'âne (1970)