Jacques I. (Haiti)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacques I. (biergerlech: Jean-Jacques Dessalines) gebuer ëm 1760 am haitege Ghana a gestuerwen den 17. Oktober 1806) war vun 1804 bis 1806 Keeser vun Haiti.
De Jean-Jacques Dessalines war e fréiere Sklav an hien war op der Côte-de l'Or am haitege Ghana a Westafrika op d'Welt komm. Wéi et géint Enn vum 18. Jorhonnert ëmmer erëm zu Opstänn géint d'Kolonialmuecht Frankräich koum, huet den Dessalines 1804 d'Onofhängegkeet proklaméiert a sech selwer zum Keeser ernannt.
Hien ass dat awer net laang bliwwen. De 17. Oktober 1806 gouf de Keeser am Opdrag vum Henri Christophe ermuerd, an deen huet sech duerno selwer zum President an 1811 zum Kinnek ausruffe gelooss.
Déi Ermuerdung huet awer ee Biergerkrich mat sech gezunn tëschent der kreolescher an der afrikanescher Bevëlkerung, sou datt Haiti an ee südlechen an ee nërdlechen Deel zerfall ass.
Déi haitianesch Nationalhymne La Dessalinienne ass no him benannt an och d'Stad an den Arrondissement Dessalines.
[Änneren] Um Spaweck
- The Louverture Project: Jean-Jacques Dessalines (Englesch)