Jacques Mangers
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacques Mangers gebuer den 18. März 1889 zu Stolzebuerg, a gestuerwen de 7. Januar 1972, war e lëtzebuergesche Maristepater.
De Jacques Mangers huet an der Kongregatiounsschoul vun de Maristepateren zu Differt studéiert. Duerno huet hie Philosophie zu Paräis studéiert. Duerno ass hien op Roum gangen wou hien seng Studie weidergefouert huet bis zum Dr. an der Theologie.
De Jacques Mangers ass den 3. Abrëll 1920 zu Roum zum Geeschtleche geweit ginn. 1925 gouf hien a Norwegen geschëckt, do war hie Paschtouer an der Par vum Hl. Pol zu Bergen.
1932 gouf hien apostolesche Vikar an 1953 Bëschof vun Oslo (Norwegen).
Hie gouf 1932 Titularbëschof vu Selia an 1964 vun Afufenia. De Mgr Jacques Mangers ass 1972 gestuerwen, a gouf um Kierfecht zu Biissen begruewen.