Jean-Baptiste Gellé
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Baptiste Gellé (23. Juli 1777 zu Crehange - 16. Mäerz 1847 an der Stad Lëtzebuerg), war en héije Beamten a Regierungsmember zu Lëtzebuerg.
Hie war Secrétaire d'Etat adjoint, Divisiounschef vum Département des Forêts, Regierungssekretär, President vun der Unterréchtskommissioun, Generalsekretär an da vun 1840 bis 1847 Member vun der Regierung. Hie war och President vun der Fräimaurerloge.