Jean Pütz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Pütz (* 21. September 1936 zu Köln), ass en däitsch-lëtzebuerger Wëssenschaftsjournalist an Televisiounsanimateur.
Als Kand vun enger Lëtzebuergerin an engem Däitschen verbréngt de Jean Pütz seng Kandheet a Jugend zu Réimech an an der Stad Lëtzebuerg. Hie mécht eng Ausbildung als Elektro-mécanicien op der Ecole des Arts et Métiers a studéiert, nodeems en ee Joer op ARBED-Belval geschafft huet, zu Köln Noriichtentechnik op der Ingenieursschoul. Dono mécht en d'Première no a studéiert da Physik a Mathematik fir Prof ze ginn.
Parallel zu senger Stage-Zäit studéiert de Pütz Soziologie an Economie, a schléisst des Studie mat engem Diplom of.
Vun 1970 bis 2001 ass de Jean Pütz Redakteur beim Westdeutscher Rundfunk, wou e geschwënn d'Directioun iwwert d'Redaktiounen Naturwëssenschaft an Technik huet. Populär gëtt en durch d'Emissioun Hobbythek, an deer Naturphenomener an Technik op enger verständlech Aart a Weis explizéiert ginn, dacks, andeems Saache gewise ginn, déi ee selwer ka maachen. Parallel dozou gëtt de Pütz eng Buchserie zu Themen, déi gewise ginn, eraus (am ganzen eng 80 Stéck), déi e grousse Succès huet: am ganzen hu s'eng Oplo vu 6 Milliounen Exemplairën.
No seger Pensioun mécht de Pütz a sengen Emissiounen als fräie Mattaarbechter virun. 2005 wiesselt e bei den ZDF fir do eng nei Serie ze maachen.
De Jean Pütz ass fir d'zweet bestuet an huet 2 Kanner.