Jean Wolf
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Wolf, gebuer den 6. Abrëll 1830 zu Bus a gestuerwen den 5. Juni 1880 zu Bouneweg war e Lëtzebuerger Kraaftmënsch.
Dem John Grün säi Viirleefer, den Herkules Wolf, genannt De Fiels vu Lëtzebuerg ass zäitweileg am Frankräich opgetrueden. An enger Liewensbeschreiwung, déi zu senge Liefzäiten erauskoum, gëtt allerhand erzielt:
- Den 29. Juli 1854 trëtt de Wolf zu Chapelle Saint Denis op. Hie brengt et fäerdeg fir 6 Eisebunnswaggonen vun deene jidderee mat 1000 Kilo belueden ass, weiderzezéien.
- De 6. August 1854 hieft de Fiels vu Lëtzebuerg zu Paräis e Won, an deem 20 Zaldote sëtzen, mam Réck an d'Luucht, sou datt d'Rieder konnte fräi gedréit ginn. Dat Ganzt hat e Gewiicht vun 1800 Kilo.
- De 16. Oktober 1854 leet de Premier Hercule de l'Europe sech zu Le Hâvre mat engem Léiw un, dee kuerz virdrun sengem Meeschter e Bier zerrappt hat. De Lëtzebuerger Herkul huet em d'Genéck gebrach.
De Jean Wolf, deen 1 Meter 70 grouss war an tëscht 95 an 100 Kilo gewien huet, gouf spéider vum Keeser Napoléon III. wéinst senge Leeschtungen dekoréiert.
[Änneren] Literatur
P. Thorn: John Grün, Roi de la Force, der stärkste Mann der Welt 1868/1912, Luxemburg-Bahnhof, Buchdruckerei Fr. Bourg-Bourger, 1921