Johannes vu Gmunden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Johannes vu Gmunden (Johannes de Gamundia, Johannes von Gmünd), gebuer ëm 1380/84 zu Gmunden, Ueweréisträich a gestuerwen den 23. Februar 1442 zu Wien, war en éisträicheschen Humanist, Mathematiker an Astronom.
Hien huet 1406 op der Universitéit Wien promovéiert.
Hie stellt 1437 an 1440 Planéitentafelen an e Kalenner op an huet och den éischte gedréckte Kalenner an däitscher Sprooch eraus ginn.
Den Asteroid (15955) Johannesgmunden gouf him zu Éieren genannt.
[Änneren] Wierker
- De sinibus, chordis et arcubus
- Astrolabii qui primi mobilis motus deprehendur canones (1515)
[Änneren] Literatur
- H.L.L. Busard: Der Traktat "De sinibus, chordis et arcubus" von Johannes von Gmunden, Verlag der Österreichischen Akademie der Wissenschafte, 1971, ISBN13: 978-3-7001-6256-8, 44 S.
- Helmuth Grössing: Johannes von Gmunden in seiner Zeit. In: Mitteilungen der Österreichischen Gesellschaft für Geschichte der Naturwissenschaften 3-4 (1985) S.66-72
- E. Prillinger (Ed.): Die Zeit kommt vom Himmel: von der Astronomie zum Kalender. Zum Gedächtnis Johannes´ von Gmunden, 1384-1442, 1984.
- P. Uiblein, Johannes von Gmunden, in: Beiträge zur Wiener Diözesangeschichte 15, 1974