John Ernest Dolibois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den John Ernest Dolibois (*4. Dezember 1918 zu Bouneweg) ass e Lëtzebuergesch-amerikaneschen Diplomat.
Seng Mamm ass gestuerwen, wéi hien e Puppelche war, an esou gouf e vu senger grousser Schwëster opgezillt. 1931 ass hie mat sengem Papp an d'Vereenegt Staaten emigréiert, wuer seng Schwëster mat hirem amerikanesche Mann geplënnert war. Hien huet zu Akron, Ohio de Lycée gemaach an op der Miami University zu Oxford studéiert. Well hie fléissent Däitsch kunnt, ass hien an d' Army intelligence unit agezu ginn. Um Enn vum Zweete Weltkrich ass hien duerch Eropa gefuer, fir gefaangen däitsch Zaldoten ze verhéieren. Sou ass hien am Summer 1945 och an d'Camp Ashcan komm. Dat war de Code-Numm vun engem Gefaangenelager fir héichrangeg Nazien, deen zu Munneref an engem Hotel ageriicht gi war. Hie war do ee vun de 5 Verhéierer, deenen hir Informatiounen, déi se esou kruten, bäigedroen hunn, d'Uklo beim Nürnberger Krichsverbriechertribunal virzebereeden.
Hannescht an Amerika, huet hie kuerz fir Procter and Gamble geschafft, dunn, vun 1947 un, 34 Joer laang op der Miami University, zulescht als Vize-President an Chief development officer. 1981-1985 war hien Ambassadeur vun de Vereenegte Staaten zu Lëtzebuerg.
Nom John E. Dolibois benannt ass en Éierepräis fir Geschichtsfuerscher benannt, dee vum Michael J. Colligan History Project vun der Miami University Hamilton, zesumme mat der Hamilton Community Foundation zënter 2002 all Jor vergi gëtt. Déi éischt, déi mat deem Präis ausgezeechent goufen, waren de John E. Dolibois selwer (2002)an de fréieren President vun der Miami Universitéit, Phillip R. Shriver (2003).
Zu Lëtzebuerg dréit den Ofleeër vun der Miamy University, den John E. Dolibois European Center, säin Numm.
[Änneren] Literatur
- John E. Dolibois: Pattern of Circles: An Ambassador's Story. Kent State University Press 1989. ISBN 0-8733-8702-3 (Séng Autobiographie).
- John E. Dolibois: "Recollections of a former Luxembourger" In: 400 Joer Kolléisch. Luxembourg: Ed. Saint-Paul, 2003. Vol. IV: Hommage à l'Athénée, p. 51-55.