John Howard (Zaldot)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zum Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Majouer John Howard war een Offizéier an der britischer Arméi an ee vun den éischten Zaldoten déi de 6. Juni 1944 um Kontinent geland sinn. Hie war de Kommandant vun engem Kommando deen zwou Brécken bei Bénouville an der Normandie erruewere sollt éih d'Alliéiert op de Küste vun der Normandie geland sinn. Eng vun den zwou Brécken ass bekannt ënner dem Numm Pegasus-Bréck.
De John Howard ass den 8. Dezember 1912 am West End zu London gebuer, an de 5. Mee 1999 an engem Spidol zu Surrey an England gestuerf. Bis zu sengem Doud huet hien zu Burford, bei Oxford gewunnt.
Mat 19 Joer ass en an d’Arméi agetratt déi en eréischt 1946 wéinst schwéiere Verletzungen un de Been an un der Hëft (bei engem Autosaccident) verlooss huet. Duerno huet en am Landwirtschaftsministär geschafft bis en an de siwenzeger Joren an d'Pensioun gaang ass.
All Joer de 6. Juni koum hien op d'Bréck wou e mat sengem Seegler geland war zréck a leet eng Gerbe do nidder.
[Änneren] Auszéchnungen
- Distinguished Service Order
- Croix de Guerre avec Palme
![]() |
Portal WWII – All d'Artikelen op der Wikipedia zum Zweete Weltkrich. |