Josy Braun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Josy Braun, gebuer de 14. Januar 1938 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche fräie Schrëftsteller
No der Primärschoulzäit zu Biwer huet e seng Humanités greco-latines an der Belsch gemaach. Duerno Diktioun an Art dramatique zu Lëtzebuerg. Vun 1960 bis 1972 war hie Gewerkschaftssekretär, a vun 1972 bis 1991 Journalist.
Zënterhier ass de Josy Braun fräie Schrëftsteller.
Hie schreift op Lëtzebuergesch an op Däitsch: Prosa, Lyrik, Theater, Cabaret, Radio-Spiller, Kannertheater a Kannerbicher. Zum Deel iwwersat op däitsch, franséisch, englesch, italiéinesch, portugisesch a russesch.
En ass:
- Member vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise
- Member vum Institut Grand-Ducal, Section Arts et Lettres
- Matbegrënner vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband
- Grënner vun de Beetebuerger Amis de la Scène
- Grënner vun de Cabarets-Ensemblen Huwwelbänk, Bëschzeck an Cabaret J.B., (spéider Cabarenert)
Hie gouf e puermol ausgezeechent am Kader vum Nationale Literaturpräis ; a mat der Sëlwerplaquette vun der Actioun Lëtzebuergesch.
Ausserdeem ass hien Auteur vun der Orthographiesbrochure Eis Sprooch richteg schreiwen a Member a verschiddene Komissioune fir Schoulbicher op Lëtzebuergesch
[Änneren] Dem Josy Braun seng Bicher
- Porto fir d'Affekoten
Deen éischte Kriminalroman a Lëtzebuerger Sprooch, deen 1997 bei den Editions PHI erauskoum, war laang vergraff. 2006 ass e bei den Editions Josy Braun nees nei erschinnen.
Banne kuerzer Zäit stierwe sechs Leit u vergëftenem Porto. Wann d'Sûreté mengt, et hätt een et op d'Affekoten ofgesinn, da gëtt dës Theorie doduerch op d'Kopp gehäit, datt et och ganz aner Persounen erwëscht.
- Um porto para os advogados
Den éischte Kriminalroman op Lëtzebuergesch, „Porto fir d’Affekoten“ vum Josy Braun, 1997 an éischter, 2006 an zweeter an 2007 an drëtter Oplo erauskomm, gëtt et elo och op Portugisesch. Iwwersat vum Luis Gonçalves-Bandeira an iwwerschafft vum Forum Portugal-Lëtzebuerg zu Lissabon, gouf dës lëtzebuergesch-portugisesch Geschicht vum Verlag Campo das letras vu Porto am Abrëll 2007 erausbruecht. A Presenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur, dem Här Alain de Muyser, a vun enger grousser Zuel vu lëtzebuergeschen a portugisesche Literaturfrënn, ass de Roman den 3. Abrëll an der Portoskellerei Ferreira zu Porto-Vila Nova de Gaia, an de 4. Abrëll am Grémio literario zu Lissabon virgestallt ginn.
Zu Lëtzebuerg ass déi offiziell Virstellung de 4. Juli, am Moment, wou Portugal d’EU-Présidence iwwerholl huet. Vun do un ass „Um porto para os advogados“ och an de lëtzebuergeschen a portugisesche Bicherbutteker ze kréien.
- Kréiwénkel
Dëse Roman spillt um klengen Duerf. D’Haaptpersoune sinn en ale Mann an e klenge Jong, déi sech leng derduerch schloen. Mat engem Ziedel, deen dem Tolly aus engem vergiessene Buch entgéintfält, gëtt e vergaangent halleft Joerhonnert nees waakreg. "Kréiwénkel" ass e verdreemtene Roman an zugläich eng Geschicht, déi een an Otem hält.
Editions PHI
- Rand-Los
Et si Kuerzgeschichten op Däitsch, iwwer Leit, déi op der Schietsäit vum Liewe stinn.
Editions PHI
- Abschied von dem Jungen am Synthesizer
Klenge Roman op Däitsch, op der Basis vun enger wouerer Geschicht. E jonke kriibskranke Museker huet en ausgefalene leschte Wonsch, an seng Kollegen aus der Band verspriechen him, dee Wonsch z’erfëllen.
Eegeverlag
Vergraff:
- Queesch derduerch, aus dem Joer 2000, Editions PHI. Dëst ass eng Anthologie mat Kuerzgeschichten, Gedichter a Kabaretstexter aus méi wéi 30 Joer.
[Änneren] D’Kannerbicher
- De Charly mat de groussen Oueren
An dësem Buch geet et net nëmmen ëm dem Charly seng grouss Oueren, déi engem Puppelchen d’Liewe retten, mä och ëm den Tinnchen an säin Täschemesser, ëm de Patrick, deen nuets an engem Auto agespaart ass, ëm den Teddy, deen dem Papp Ieselsbrécke baut, ëm dräi Kazen, ëm e Papp dee mengt, hie wier eng Respektspersoun, ëm en onheemleche Strummert, ëm dem Professer Kueb seng Strofen, ëm e verrécktene Sylvestermenü asw.
Editions PHI
- D’Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach
A 75 Gedichter gëtt d’Geschicht vun den Zwillingen Zëss a John verzielt. De John ass kee ganz schéinen, mä schonn als klenge Bouf staark wéi en Uess. D’Zëss mat de rouden Hoer ass eng léif kleng Maus, mä heinsdo eng richteg Zatz, dat mat de Geeschter vun der Buerg, mat den Eilen a mat de Kuebe schwätzt an dat och zaubere kann.
Editions PHI
- Wee fir op Papperlapappagos
Dëst Gedicher riichten sech u Kanner vu 5 bis 12 Joer. D’Buch huet, soubal wéi et eraus war, seng Prouf bei de Kanner bestanen. D’Léierpersonal schafft an de Schoulen dermat, e puer vun de Gedichter stinn och am Schoulbuch fir d’3. an d’4. Schouljoer "Lies a fléi".
Editions PHI
- De klenge Prënz
Dës Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Antoine de Saint Exupéry sengem « Petit Prince » koum 1994, 50 Joer nom Auteur sengem Doud, eraus.
Editions PHI
- Numia
D’Numia ass e Weesekand a kënnt aus engem Land, dat wäit ewech vu Lëtzebuerg läit: Fantamira. D’Kanner vu Juckebuerg hunn dat brongt krauselegt Meedchen immens gären, mä e puer grouss Leit fannen, datt d’Numia besser do wier, wou de Peffer wiisst... E Mäerchen, an deem et besonnesch ëm d’Léift zu alle Mënschen an ëm de Respekt virun der Ëmwelt geet.
Eegeverlag
[Änneren] Bibliographie, global
[Änneren] Däitsch
- Gezählt, gewogen, geteilt, Novelle, 1962
- Credo der Nebelkinder, Gedichte, 1963
- Marias zweite Niederkunft, Kurzgeschichten und Gedichte, 1972
- Rand-Los, Kurzgeschichten, 1982
- Abschied von dem Jungen am Synthesizer, Kurzroman, 1988
[Änneren] Lëtzebuergesch
- Loosst de Mound do, wou en ass, Gedichter a Lidder aus dem Kabaret, 1978
- E Monument fir d’Kätti aus dem Breedewee, Geschichten, Balladen a Radiospiller, 1988
- Zwee riets, zwee lénks, ee fale gelooss, Kabaret, 1988
- Flantermais géint der Owend, Gedichter, 1992
- Déi véier Kaze vun der Millen, Erzielung, 1993, 2. Oplo 2004
- Fiisschen 1 – 100, Zäitgedichter, 1993
- Fiisschen 101 – 200, Zäitgedichter, 1995
- Porto fir d’Affekoten, Kriminalroman, 1997
- Kréiwénkel, Roman, 1998
- Queesch derduerch, Anthologie, 2000
- Bommenteppech, Roman 2004
- Meewäin, Roman, 2007
[Änneren] Fir d’Kanner
- Numia, Mäerchen, 1994, 2. Oplo 1995
- De klenge Prënz, Iwwersetzung, 1994, zënterhier 4 Oploen
- Um Wee fir op Papperlapappagos, Gedichter, 1996
- D’Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach, gereimte Geschicht, 2001
- De Charly mat de groussen Oueren, Kuerzgeschichten, 2003
- Déi gréng Piscine am Ruckelsbësch bei Klengliller, 2005
[Änneren] Theaterstécker
- D’Kromm an der Heck, 1966
- D’Rammelscheeder (Musek vum Jos. Kinzé),1967
- Requiem fir e Lompekréimer, 1969
- Mir si vum Viz (Musek vum Jos. Kinzé), 1971
- D’Sakgaass (Co-Auteuren: Guy Rewenig a Guy Wagner), 1973
- Wie bass de dann, Leo?, 1976
- Hexejuegd, 1978
- Den Här, 1978
- Just 15, 1981
- D’Monument oder d’Verbrieche vu Groussknautscheng, 1990
- Eng Märel päift, 1992
- Portombola, 1993
- Geeschter, 1995
- Spaghetti à la Mamma, 1996
- De roude Soutien, 1997
- D’Kierchenauer vu Knousperdeng, 1998
- Leschte Konveniat, 1998
[Änneren] Theater fir Kanner
- De Pierrot an d’Pierrette, 1993
- De lëschtege Kasperl an den traurege Clown, 1994
- Eis Spillplaz zu Makadammeldeng, 1995
- D’Manuela an säi Monni Poppokattepättel, 1996
- D’Kréckelfamill fiert an d’Vakanz, 1997
- Wat ass lass am ale Schlass?, 1998
- Brudder Sascha, grousse Clown, 1999
- De klenge Prënz, Adaptatioun vum «Petit prince » vum A. de Saint-Exupéry, 1966
[Änneren] Cassetten, CD
- De klenge Prënz, Cassette a Long play, 1981
- De Bib, Cassette nom Wëllem Weis, 1986
- Numia, Cassette, 1992
- D’Huberts-Famill Radio-Serie, 1992, net am Handel
- Lidder, queesch derduerch, CD, 2000
[Änneren] Saachbicher
- z.B. Tom, Wäissbuch iwwert d’Drogeplaz Lëtzebuerg (Co-Auteur), 1981
- Lëtzebuerg-Luxemburg-Luxembourg, Buch iwwert Lëtzebuerg exkl. fir d’BIL, 1989
- Eis Sprooch richteg schreiwen, Léierbuch, 1996, zënterhier 12 Oploen
[Änneren] De Josy Braun als Schauspiller
[Änneren] Televisioun
- Déi zwéi vum Bierg (1985) vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger