Käthe Haack
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Käthe Haack, gebuer den 11. August 1897 zu Berlin, a gestuerwen de 5. Mee 1986 zu Berlin, war eng däitsch Schauspillerin.
No dem Lycée huet d'Käthe Haack bei der Seraphine Détschy Schauspillunterrecht geholl, wat et hir erlaabt huet, 1914 hiert éischt Engagement zu Göttingen ze kréien. Méi spéit huet si an iwwer 100 Filmer matgespillt.
Si war mam Schauspiller Heinrich Schroth (1871-1945) bestuet. Hiert Meedchen, d'Hannelore Schroth (1922-1987) an hire Stéifjong Carl Heinz Schroth (1902-1989) waren och bekannte Schaspiller.
Fir d'lescht war d'Käthe Haack ze gesinn an der Roll vun der "Madamm Homberg" am Tatort-Krimi Fluppys Masche, deen de 6. Februar 1983 gewise gouf.