Kapell Glacis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kapell um Glacis | |
![]() |
|
Uertschaft | Lëtzebuerg Stad |
Par | Notre-Dame |
Numm | Mariä Geburt (8. Sept.) |
Konsekratiounsjoer | 1885 |
Parverband | Lëtzebuerg-Notre-Dame |
Architekt(en) | Charles Arendt |
Reliéis Gebaier |
Déi aktuell Glaciskapell steet do wou schonns eng éischt Kapell aus dem Joer 1628 stung. Si gouf op Wonsch vum Bëschof Nicolas Adames gebaut, no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt an am Joer 1885 duerch de Bëschof Jean Joseph Koppes geweit.
[Änneren] D'Fënsteren
Sechs grouss Fënstere vum Emile Probst aus dem Joer 1966 bilden en Zyklus deen d'Geschicht vun der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg erëmgëtt. Si goufen 1966 zum 300. Jubiläum vun der Erwielung vun der Muttergottes zur Patréinesch vun der Stad (dem sougenannten Tricentenaire) agesat.
- 1624: De Pater Broquart SJ leet déi éischt Processioun mat der Statu vun der Tréischterin
- 1628: Wei vun der éischter Glaciskapell
- 1642: Duerch Zaldote vu Lëtzebuerg kënnt eng Gravur vun der Lëtzebuerger Statu op Kevelaer
- 1666: D'Maria gëtt zur Patréinesch vun der Stad gemaach
- 1684: D'Stad ass zerstéiert, iwwert de Mauere géif den Zaldoten d'Muttergottes erschéngen
- 1866: Bicentenaire, d'Muttergottesstatu kritt vun engem päpstleche Legat (vum Poopst Pius IX.) eng Kroun opgesat
[Änneren] Soss Kuckeswäertes
De grousse Wandteppech am Fong vum Chouer gouf, wéi och d'Fënsteren, 1966 zum Tricentenaire ubruecht. E weist d'Maria Tréischterin am Leed a staamt vum E. Probst an Zesummenaarbecht mat senger Fra.
An der Kapell sinn d'Griewer an d'Grafsteng vun den zwéin éischte Bëscheef vun Lëtzebuerg, Nicolas Adames a Jean Joseph Koppes.