Karl Wilhelm Reinmuth
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Karl Wilhelm Reinmuth gebuer de 4. Abrëll 1892 a gestuerwen de 6. Mee 1979 war en däitschen Astronom, deen am Observatoire op dem Königstuhl bei Heidelberg geschafft huet.
De Reinmuth entdeckt zwee kuerzperiodesch Koméiten, den 30P/Reinmuth an de 40P/Reinmuth souwéi 395 Asteroiden, dorënner den Apollo, Nummgiewer vun enger Asteroidegrupp (Apollo-Typ), deenen hir Bunnen d’Äerdbunn kräize kënnen. Dem Reinmuth seng Asteroidenentdeckungen falen an den Zäitraum vun 1914 bis 1957. Besonnesch spektakulär war seng Entdeckung vum Asteroid Hermes 1937, deen erréischt 2003 duerch d’LONEOS-Programm erëm fonnt ginn ass. Berechnungen zu dëser Bunn huet den däitschen Astronom Friedrich Gondolatsch gestallt.
[Änneren] Wierker
- Die Herschel-Nebel, De Gruyter, Berlin 1926
- Katalog von 6.500 genauen photographischen Positionen kleiner Planeten, Braun, Karlsruhe 1953