Ken Fitzke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Ken Fitzke gouf 1981 an der Stad gebuer. No senger Ausbildung zum Studio-Kameramann bei NOB zu Köln huet e seng Carrière ugefaange mat dräi Staffele Big Brother an e puer anere Fernsehshowen. Duerno gouf heen onofhängege Kameramann zu Lëtzebuerg an huet sech als Produzent vu Reklammen a Musek-Videoclipe versicht. A gudder Zesummenaarbecht mam D.O.P Carlo Thiel an dem Redakter Pitt Wagner huet heen a professionellt Handwierksgeschir fir Film a Fernseh investéiert.
2006 wëllen déi dräi zesumme "Potpurri Image Support" grënnen, eng Gesellschaft déi technescht Equippement verloune wäert.
[Änneren] Produktiounen
- 2000 - 2001: Big Brother (RTL/RTL2), Big Diet (RTL2), Come on Baby (DSF)
- 2002: Fortuna Bank Reklamm
- 2003: Thorunn - Complicated (Musek-Video op Betacam SX), Gesondheetsministère (Reklamm op 35mm)
- 2004: Fail - Hot (Musek-Video op Betacam SX), Liba - it's done (Musek-Video 16mm)
- 2005: Nissan (Reklamm op 2k), The Gentles - l'abandon de nos familles (Musek-Video op HDV - movietube)