Khyber Pass
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Khyber Pass ass eng Héichgebiergstrooss, déi Pakistan mat Afghanistan verbënnt. D'Strooss ass 53 kilometer laang a féiert duerch den Hindu Kush vu Peshawar (Pakistan) no der Afghanëscher Haaptstad Kabul.De Khyber Pass läit op enger Héicht vu 1072 m. Déi schmuelste Plaz ass nëmmen 3 m breet. Op der nördlecher Säit bidd sëch en aussergewéinlecht Bild, dat vun de Schnéibierger vum Hindu Kush. De Khyber Pass ass een vun den aussergewéinlechsten Päss vu der Welt. Ët ass een vu de wichtegsten Passagen tëschent Indien an Pakistan. De Khyber Pass huet an der Geschicht e Nogeschmaach vu Blutt a Gewalt. Hien ass lang vun den Arméien vun den Eroberer benotzt ginn . Während Jorhonnerten huet och eng stark benotzen Handelsstrooss iwwert dëse Col gefouert.
Dëse Pass ass besonnësch bekannt ginn duerch déi schwéier Schluecht, déi englech Truppen 1919 am 3. Afghanesche Krich géint d'freiheetsgesënnten Awunner geliwwert hunn, wéi se sech aus Indien a Pakistan zeréckgezunn hunn.
Vum Khyber Pass huet de George Molesworth, e Member vun den deemolegen engleschen Expeditiounstruppe vun 1919, gesot: All Stee vum Khyber Pass ass mat Blutt gewäsch.
[Änneren] Literatur
- Molesworth, Lt-Gen. G.N., Afghanistan 1919 (Asia Publishing House, 1962). Beschreiwt am Detail op Englësch, dem Auteur säi Passage duerch de Khyber Pass, wéi hien nach Adjutant war vun der 2/Somerset Light Infantry.