Kisch (Insel)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kish (gr. Aracacta) ass eng iranesch Insel am Persesche Golf, op deer een eng Stad mam selweschten Numm fënnt. D'Insel huet eng Fläch vun 90,55 km² a läit ca. 20 km vum Festland ewech. D'Awunnerzuel loung am Joer 2001 bäi ca. 16.500.
Kish ass als Vakanzeninsel vum Reza Schah Pahlavi bekannt. Haut ass si haaptsächlech eng Fräihandelszone an e Vakanzegebitt mat villen Hotelen an Akafsméiglechkeeten. Et existéiere getrennte Plage fir Fraen a Männer.
Kuckeswäert sinn op der Insel ënner anerem d'Alstad, déi ënnerierdesch Waasserzëtären an de Luxushotel an deem de Schah d'Nuecht verbruecht huet.
Bierger vun der Europäescher Unioun kënne vun Dubai aus ouni e besonnesche Visum areesen. Fir d'Rees iwwert den Iran brauch een e Visum fir Iran.