Klimazon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Et gi fënnef verschidde Klimazonen op der Äerd: di polar, di fiicht-kill, di fiicht-waarm, di tropesch an di drëche Klimazon.
Si hunn all ganz ënnerschiddlech klimatesch Bedengungen a si bedéngt duerch kal a waarm Mieresstréim, di global Wandsystemer, de Relief vun der Äerdiwwerfläch an doduerch datt d'Äerdachs an engem Wénkel vun 23,5 Grad vis à vis vun der Ekliptik steet, déi doduerch ënnerschiddlech staark Sonnestrahlung.
Dat polart Klima fënnt een an de Polarregiounen an op den Héichte vum Himalaya an den Anden. Fiicht-killt Klima gëtt et an den nërdleche Gebidder vun Amerika, Asien an Europa. A West- a Südeuropa fënnt en dat fiischt-waarmt Klima. Typesch fir Südamerika, Afrika an Asien ass dat tropescht Klima. Dat drëchent Klima fënnt een an de Wüstegebidder an a ganz drëchenen Biergregiounen.