Wikipedia:Kontakt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Säit erkläert Iech, wéi Dir d'Wikipedia an d'Mënschen déi hei schaffe kontaktéiere kënnt. Well de Projet immens oppen ass, gëtt et meeschtens kee fixen Uspriechpartner. Hannert all dëse Méiglechkeete stinn ausschlisslech fräiwëlleg Mataarbechter. Rondrëm d'Artikelen
Vill Froë goufe scho gestallt an an der FAQ beäntwert. |
Froen op der Wikipedia selwer
|
Ufroen un de Bedreiwer
Wikipedia gëtt vun der Wikimedia Foundation bedriwwen, déi hire Sëtz a Florida, USA huet. Si kann ënnert folgender Adress erreecht ginn: Wikimedia Foundation Inc. 200 2nd Ave. South #358 St. Petersburg, FL 33701-4313 United States of America Telefon: +1-727-231-0101 E-Mail: jwales@wikia.com Press
Journalisten, déi sech fir Wikipedia interesséieren, sollen sech un d'Bürokrate vun der Lëtzebuerger Wikipedia wennen. Dëst sinn de Cornischong an d'Briséis. Weider Administratore kënnen Iech awer och weiderhëllefen. |
Eenzel Auteuren uschwetzen
All Benotzer deen ugemellt ass, huet op der Wikipedia eng Diskussiounssäit, wou een him Noriichten hannerloosse kann. Wann de Benotzer eng E-Mail-Adress uginn huet, kann een him selbstverständlech och eng E-Mail schécken. |
Technesch Problemer
Wéi ee Feeler an der Software melle kann, gëtt op MediaZilla erkläert. Et lount sech natierlech, virdrun bei den anere Wikipedianer nozefroen, op e Problem bekannt ass an op villäicht den een oder aneren dee selwechte Problem bei sech doheem huet. Schwéier technesch Problemer kënnen op englesch och ënnert noc@wikimedia.org gemellt ginn. Support-Ufroë ginn hei allerdéngs net beäntwert. |