Koordinaten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Koordinatesystem ass do fir Positioune vu Punkten am Raum festzehalen oder ze bestëmmen.
D’Positioun am Raum gëtt am gewielte Koordinatesystem duerch d'Ugi vun Zuelewäerter, de Koordinaten, eendäiteg bestëmmt. Duerch d'Zesummestelle vun eenzelne Punkten, loosse sech dann duerch vill Punkte bestëmmten Objete, wéi Linnen, Kurven, Ofstänn, Flächen, a Kierperen uginn.
D’Unzuel vun de Wäerter, déi noutwenneg si fir en Objet ze bestëmmen, entsprécht der Dimensioun vum Raum (oft als n ofgekierzt). Et hëlt een dann d’Koordinate vun engem n-dimensionale Raum dann och als en n-Tupel vu Koordinaten op.
Den Nullpunkt, bei deem all Koordinaten de Wäert 0 unhuelen, nennt een de Koordinatenursprong.
Dat am heefegste gebrauchte Koordinatesystem ass – dat gëllt besonnesch fir d’Schoulmathematik - dat Kartesescht Koordinatesystem.
[Änneren] Um Spaweck
- http://www.mathe-online.at/mathint/zeich/i.html - Einfach a verständlech Erklärung
- http://mo.mathematik.uni-stuttgart.de/lexikon/K/koordinatensystem.html - Mathematesch exakt Definitiounen (mat Formelen)