Lëscht vun de Kinneke vu Preisen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Lëscht vun de Kinneke vu Preisen ass en Deel vun de Referenztabellen.
1618 war d'Herzogtum Preisen mat der Maarkgrofschaft Brandenburg an hire Niewelänner an enger Personalunioun vereenegt ginn.
1701 gouf d'Herzogtum zum Kinnekräich Preisen erhuewen, en Numm deen am allgemenge Sproochgebrauch séier op all Territoire vun den Hohenzollern iwwergaangen ass. D'Kinneke koumen alleguert aus dësem Fürstenhaus.
- 1688–1713 Kurfürst Friedrich III. (*1657), zënter 1701 als Friedrich I. Kinnek a Preisen.
- 1713–1740 Friedrich Wilhelm I. den Zaldotekinnek (*1688)
- 1740–1786 Friedrich II. de Groussen (*1712) zënter 1772 Kinnek vu Preisen
- 1786–1797 Friedrich Wilhelm II. (*1744)
- 1797–1840 Friedrich Wilhelm III. (*1770)
- 1840–1861 Friedrich Wilhelm IV. (*1795)
- 1861–1888 Wilhelm I. (*1797), fir d'éischt zënter 1858 als Regent; zënter 1867 President vun Norddäitsche Bund an zënter 1871 Däitsche Keeser
- 1888 Friedrich III. (*1831)
- 1888–1918 Wilhelm II. (*1859, † 1941 am hollänneschen Exil).