Lanzhou
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lanzhou | |
---|---|
![]() |
|
Land | ![]() |
Status: | Bezierkfräi Stad |
Provënz: | Gansu |
Koordinaten: | 36,06° N; 103,79° O |
Fläch: | 14.620 km² |
Awunner: | 3.200.000 (2005) |
Héicht: | 1.600 m i. NN |
Lanzhou ass eng Stad matt enger Population vu 3,2 Mio. Awunner (2004 geschaat), dovun 1.2 Mio. an der Stad selwer déi an der Volleksrepublik China läit . Si ass d'Haapstad vun der Provënz Gansu an ass um Giele Floss, um Huang He geleeën. Si gëtt als déi am stärksten polluéiert Stad a China betruecht. Dës Regioun gouf schonns zur Zäit vun der Han Dynasty besidelt an huet domatt eng Geschicht vu 2.000 Joer. Lanzhou huet de Numm Gëlle Stad kritt, well se eng wichteg Etappenuertschaft op der fréierer Seidestross war. Nom Ënn vun der Han Dynasty koum dës Stad ënnert d'Herrschaft vu verschidde Stämm, déi se als hier Haaptstad betruecht hunn.
Richt am Joer 1656 , während der Qing Dynasty, krouch d'Stad de Numm Lanzhou.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographesch Basisdonneeën
- Iwwerfläch: 14.620 km²
- Héicht: 1.600 m iwwer dem Mieresspigel
- D'Stad läit am Zenter vun der VRC
- D'Stad erstreckt sech op enger Lengt vun 20 km lanscht de Giele Floss, den Huang He, deen vu Westen no Osten duerch d'Stad leeft.
- Déi nobäi geleeën Qilian Bierger, de Pingliangbierg an de Kongtongbierg bilden eng wichteg Gebiergsketten an der taoïstescher Mythologie.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Bingling Si, eng buddhistesch Tempelkonstruktioun an Hielen baussen der Stad. Si ass zum groussen Deel zur Zäit vun der Tang-Dynastie (618-907) gebaut;
- de Provënzmusée Gansu, e kulturhistoresche Musée;
- de Park vun der wäißer Pagode mat enger 7-stäckeger Pagod, déi während der Yuan-Dynastie (1271-1368) gebaut gouf, léit op engem Hiwwel beim Uwänner vum Giele Floss.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
Lëscht vun de chinesesche Groussstied