Lemma
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Op dëser Säit fannt dir eng Partie Artikelen, déi all deeselwechte Numm hunn, an dofir ausernee gehal musse ginn, sief et bei Persounen duerch Derbäisetze vu Liewensdaten, oder bei Länner a Stied duerch den Zousaz (Land) oder (Stad). Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia. |
E Lemma (griichesch λήμμα, an neigriichescher Aussprooch límma oder algriichescher lēmma: "de Revenue", "dat wat erakënnt", vu lambáno, "ech faassen, ech huelen" (trans.), "ech ginn/kommen eran" (intrans.), "ech hale fest" (medial); Pluriel Lemmata) ass:
- an der Literatur den Haaptinhalt vun engem Wierk, deen am Titel oder an engem Motto ausgedréckt gëtt; kuckt: Motto.
- an der Lexikografie an an der Linguistik d'Stéchwuert an der Grondform vun engem Wuert; kuckt: Lemma (Lexikographie).
- an der Mathematik meeschtens e Saz, deen hëlleft, en aneren, méi wichtege Saz, ze beweisen.
- an der Biologie ass Plasmalemma en anert Wuert fir Zellmembran