Les Trois Mousquetaires
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Les Trois Mousquetaires ass e Roman vum Alexandre Dumas, deen ursprénglech als Feuilleton an der Zeitung Le Siècle vu Mäerz bis Juli 1844 publizéiert gouf.
De Roman erzielt vun den Aventure vum jonken d'Artagnan aus der Gascogne dee seng Heemecht verlooss huet fir op Paräis ze goen, an do Musketéier ze ginn. Dobäi mécht hien d'Bekanntschaft vun den dräi Musketéieren Athos, Aramis a Porthos. Zäitlech spillt sech dem Dumas säi Roman tëscht 1626 a 1628 of. Eis véier Helde vum Roman ginn ongewollt an d'Affäre vum Haff verstréckt, an decken d'Intrige vun der Milady de Winter, enger Agentin vum Richelieu mat dubiéiser Vergaangenheet, op.
Nom éischte Roman huet den Dumas nach zwou Fortsetzungen erausbruecht, Vingt Ans après (1845) an Le Vicomte de Bragelonne, geschriwwe vun 1848-1850.
[Änneren] Adaptatioune fir den Theater
Den Alexander Dumas selwer huet säi Roman schonns 1845 fir den Theater adaptéiert, ënnert dem Titel Les Mousquetaires, dunn 1849 La Jeunesse des Mousquetaires an 1861 Le Prisonnier de la Bastille.
Weider Adaptatioune koume vum Roger Planchon (1958), Jérôme Savary (1977), Francis Perrin (1978, Parodie ënnert dem Titel L’Escrime ne paie pas) a Marcel Maréchal (1982, Reprise 1999).
[Änneren] Verfilmungen
- Les Trois Mousquetaires (1921) – e franséische Stommfilm mam Aimé Simon-Girard als d'Artagnan a Claude Mérelle als Milady de Winter.
- The Three Musketeers (1921) – en US-amerikanesche Stommfilm mam Douglas Fairbanks
- The Three Musketeers (1935) – s/w Versioun fir RKO Pictures mam Paul Lukas a Walter Abel.
- The Three Musketeers (1939) – eng Comédie mam Don Ameche an de Ritz Brothers
- The Three Musketeers (1948) – vum George Sidney fir MGM, mam Gene Kelly, Van Heflin, Angela Lansbury, Lana Turner, June Allyson.
- Les trois mousquetaires: Les ferrets de la reine (1961) –, vum Bernard Borderie mam :Gérard Barray an der Mylène Demongeot
- Les trois mousquetaires: La vengeance de Milady (1961) – vum Bernard Borderie mam :Gérard Barray an der Mylène Demongeot
- The Three Musketeers (1973) an The Four Musketeers (1974) – Regie vum Richard Lester no engem Dréibuch vum George MacDonald Fraser; mam Michael York als d'Artagnan, Oliver Reed als Athos, Frank Finlay als Porthos, Richard Chamberlain als Aramis, Jean-Pierre Cassel als Louis XIII., Geraldine Chaplin als Anne vun Éisträich, Charlton Heston als Richelieu, Faye Dunaway als Milady de Winter, Christopher Lee als Comte de Rochefort, a Raquel Welch as Constance Bonacieux.
- D'Artanjan i tri muschketjora ("Д'Артаньян и три мушкетёра", 1978) – e russescht Musical mam Mikhail Boyarsky als d'Artagnan, Veniamin Smekhov als Athos, Igor Starygin als Aramis a Valentin Smirnitsky als Porthos.
- The Three Musketeers (1993) – vum Stephen Herek mam Charlie Sheen als Aramis, Kiefer Sutherland als Athos, Chris O'Donnell als d'Artagnan, Oliver Platt als Porthos, an Tim Curry als Richelieu.
- The Musketeer (2001) – vum Peter Hyams mat der Catherine Deneuve a mam Stephen Rea – (dëse Film gouf zu engem groussen Deel zu Lëtzebuerg gedréint).
- Mickey, Donald, Goofy: The Three Musketeers (2004) – vum Donovan Cook.
- D'Artacan y los tres mosqueperros, eng spuenesch-japanesch Mickymaus aus den 80er Joren.