Luc Bonblet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Luc Bonblet gebuer den 10. Mee 1961 zu Watermael-Boitsfort (Bréissel), a gestuerwen de 25. Januar 2006 bei engem Autosaccident bei der Burer Millen, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Geschäftsmann Luc Bonblet war zënter 1988 Member vum Rousperter Gemengerot. Vun 1988 bis 1993 war en Éischte Schäffen. Zënter 1993 war e Buergemeeschter vun der Gemeng Rouspert. Nodeem hien 1984 op der Lëscht Gremling vun den onofhängegen Sozialisten en éierbart Resultat erreecht hat, gouf hien [[2004], éischten Ersatzkandidat,als zweeten am Bezierk Osten op der Lëscht vun der LSAP gewielt.
Eng ganz Rëtsch Aarbechte goufe wärend senger Zäit als Buergermeeschter realiséiert, dorënner eng nei Schoul, eng interkommunal Kläranlag, en neit Haus fir d'Pompjeeën zu Uesweller, e Bau fir Kultur- an d'Pompjeeën.