Manfred Rommel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Manfred Rommel (* 24. Dezember 1928 zu Stuttgart) ass en däitsche Politiker (CDU), dee vun 1974 bis 1996 Uewerbuergermeeschter vu Stuttgart war.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
Heen ass dat eenzegt Kand vum Zweete Weltkrichs-Generolfeldmarschall Erwin Rommel a senger Fra Lucie Maria Mollin. No der Vergëftung vu sengem Papp ass de Manfred Rommel aus der Wehrmacht desertéiert an ass bäi déi Éischt Franséisch Arméi vum Maréchal de Lattre de Tassigny geflücht, deen en als Iwwersetzer akkzeptéiert huet.
1947 huet de Manfred Rommel säin Abitur zu Biberach an der Riß gemaach an duerno Droit zu Tübingen studéiert. 1956 krut e seng éischt Plaz an der Landesverwaltung, wou en 1959 Regierungsrot an dunn perséinleche Referent vum deemolegen Inneminister Hans Filbinger gouf. 1971 ass en als Ministerialdirektor an de Finanzministère gewiesselt an ass do spéider Staatssekretär ginn.
1974 ass en als Nofolger vum Arnulf Klett zum Uewerbuergermeeschter vun der Stad Stuttgart gewielt an 1982 an 1990 all Kéiers mat méi wéi zwee Drëttel vun de Stëmmen op dee Posten erëmgewielt ginn. Säin Nofolger ass 1996 säi fréiere perséinleche Referent Wolfgang Schuster (CDU) ginn.
Och an der Pensioun ass de Manfred Rommel nach ëmmer e beléifte Riedner a gefroten Auteur.
Op sech opmierksam gemaach huet en och wéi en et erlaabt huet, datt déi RAF-Memberen, déi sech am Prisong ëmbruecht haten, zesummen zu Stuttgart begruewe konnte ginn, obwuel vill Stëmme gefoart haten, datt esou e Graf zum Wallfahrtsuert fir sozialistesch Aktiviste kéint ginn.
[Änneren] Auszeechnungen
- President vun der Freiherr-vom-Stein-Gesellschaft
- Uerde vum Groussoffizéier am Uerde vun Oranien-Nassau (1982)
- Éiresenator vun der Fachhéichschoul fir Technik zu Stuttgart (1982)
- Éirendoktor vun der University of Missouri-St. Louis (1983),
der Maryland University an
der University of Wales - Ritter vun der Éirelegioun vun der Franséischer Republik (1985)
- Guardian of Jerusalem (1987)
- Commander of the Order of the British Empire (1990)
- Verdéngschtgielche vum Land Baden-Württemberg
- Theodor-Heuss-Gielchen
- General-Clay-Gielchen
- Dolf Sternberger-Präis
- Karry Präis
- Grousst Verdingschtkräiz mat Stär a Schëllerband vum Verdéngschtuerde vun der Bundesrepublik Däitschland
[Änneren] Auswiel vu senge Wierker
- Trotz allem heiter - Erinnerungen, Ullstein-Taschenbuch, 2003, ISBN 3548365965
- Soll und Haben, Ullstein-Taschenbuch, 2003, ISBN 3548364527
- Wir verwirrten Deutschen, Ullstein-Taschenbuch, 1989, ISBN 3548346146
- Abschied vom Schlaraffenland. Gedanken über Politik und Kultur., Deutsche V.-A., 1987, ISBN 3421060819
- Holzwege zur Wirklichkeit, Hohenheim Verlag, 2001, ISBN 3898500268
- Das Land und die Welt, Hohenheim Verlag, 2003, ISBN 3898500993
Ausserdeem Sammlunge vu senge Sprëch, Gedichter a Witzen, erausgi vum Frank-Ulrich Planitz.
[Änneren] Literatur
- Rudel, Horst a Borgmann, Thomas: Manfred Rommel - Bilder einer Ära, DRW-Verlag, 2000, ISBN 3871814563