Marc Biver
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marc Biver, gebuer den 21. November 1951 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Manager deen zënter sengem aachte Liewensjoer an der Schwäiz wunnt.
Hien ass mat 21 Joer beim Schwäizer Auerefabrikant Omega erakomm a koum do relativ séier un d'Spëtzt vum Département "Zäitmiessung am Sport", wou e siewe Joer laang bliwwen ass. Duerch dëse Posten koum hien a Kontakt mat verschiddenen héichkarätege Sportler, wat hien dozou bruecht huet fir 1982 d’Sportmarketingfirma Marc Biver Development ze grënnen. Hien hat eng Rei Spëtzesportler ënner Kontrakt; et waren dat Leit wéi de Schifuerer Pirmin Zurbriggen an de Vëlosportler Tony Rominger. Dës Firma ass 1992 vun der Schwäizer Filial vum International Management Group (I.M.G.) iwwerholl ginn an deeër de Marc Biver Generaldirekter gouf. Ënnert sengem Impuls gouf I.M.G.-Schwäiz am Joer 2000 Organisator vum Tour de Suisse an 2002 Organisator vum Tour de Romandie. An dësen zwou Etappecoursen war hien och Tour-Direkter. No zwielef Joer ass de Marc Biver Ënn Januar 2004 bei der I.M.G.-Schwäiz zréckgetrueden a gouf op deeër Plaz am Mäerz 2004 vum Christian Pirzer ersat, deen niewendrunn nach ëmmer I.M.G.-Däitschland weidergeleet huet.
2006 krut de Marc Biver vum Danijal Achmetow, dem Premierminister vum Kasachstan an zugläich President vum kasachsesche Vëlosverband, e Kontrakt fir véier Joer als Generaldirekter vun engem neien Astana Cycling Team. Virum Tour de France 2006 war déi spuenesch Virgänger-Équipe Liberty Seguros, déi deemools vum Sportdirekter Manolo Saiz gefouert gouf, duerch e puer Cyclisten an hire Reien, an d’Fuentes-Affair mat Bluttdoping verwéckelt ginn. Fir 2007 gëlt et elo fir eng reng kasachsesch ProTour-Lizenz vun der Union Cycliste Internationale (U.C.I.) ze kréien.